E Méindeg de Moie war de Fernand Heinisch vun der ULT eisen Invité vun der Redaktioun.

De Lëtzebuerger reest gär! Dat ass net nei, mä een deen et muss wëssen, huet dat esou och e Méindeg de Moien nach emol confirméiert. De Fernand Heinisch, ee vun de Geranten vun der ULT, déi dëst Joer 20 Joer feiert, war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Den Tourismus-Secteur hei am Land ass an engem gewësse Sënn krisefest.

Zu den Top-Destinatiounen gehéieren weiderhin déi 3 klassesch Länner Spuenien, Frankräich an Italien, mä den Trend geet ganz kloer och dohin, ëmmer méi wäit ze reesen. Sproochebarrièren géife jo ëmmer manner bestoen.

Fir de Fernand Heinisch steet fest, dass Reesen ëmmer méi individuell gëtt. Eng CO2-Steier op laange Flich gesäit en als eng Realitéit un, déi wäert kommen, awer nach net sou bal.

Den Ament gëtt et iwwregens ronn 100 Reesbüroen hei am Land, an trotz enger riseger Internet-Offer, géifen déi sech och weider behaapten. Déi rezent Faillitte vun Thomas Cook hätt alt nees gewisen, dass ee beim Buchen an engem Reesbüro eben och ofgeséchert ass, sou de Fernand Heinisch.

Invité vun der Redaktioun: Fernand Heinisch