De Beruff an d’Etüde vum Educateur sinn nach ëmmer ganz interessant, sou den Direkter vum Lycée Technique pour professions éducatives et sociales zu Miersch. Den Henry Welschbillig war eisen Invité vun der Redaktioun.
Et wier eng villfälteg a villsäiteg Aarbecht, ma d’Besoinen un Educateure ginn och méi grouss. Quantitativ, well d’Populatioun wiisst a wéinst der geplangter gratis Kannerbetreiung an och qualitativ. Et ginn ëmmer méi Beräicher a Fächer.
Den LTPES kann den Ament maximal 300 Schüler ophuelen. Et géif nach Platz gi fir méi, mä da misst ee weidert Léierpersonal astellen, sou den Direkter.
Bedauere mécht den Henry Welschbillig, datt e net méi Jonge fir de Beruff vum Educateur begeeschtert kritt. D’Relatioun wier nach ëmmer 3 Véierel Fraen an ee Véierel Männer.
En Donneschdeg de Moie war de Direkter vum LTPES eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.