Invité vun der Redaktioun (26. August) - Frank EngelNächst Méint misste weisen, ob hien nach als Parteipresident ze droe wier

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie war den CSV-President eisen Invité vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Frank Engel
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den CSV-Parteipresident Frank Engel huet en Dënschdeg am Nationalcomité ëm Entschëllegung gebieden, „datt ech d’Partei an eng Situatioun bruecht hunn, wou Memberen d’Gefill kruten, datt se sech an der Partei net méi erëmfannen”. Dat sot hien e Mëttwoch de Moien hei op RTL. De Frank Engel hat virum Weekend ëffentlech fir méi héich Steiere fir grouss Verméige plädéiert, ouni dat virdru mat de Parteigremien ofgeschwat zu hunn. Hie gouf dowéinst an den eegene Reie ferm kritiséiert.

Hie sot, hie géing an Zukunft net méi ertappt ginn, privat Aussoen ze maachen, déi als Aussoe vum Parteipresident wouer geholl ginn. D’Entschëllegung wier ugeholl ginn, sou den CSV-Parteipresident weider an et wier festgehale ginn, datt den Debat iwwert déi inhaltlech Sujeten intensiv relancéiert ginn. Aarbechtsgruppe mat Hëllef vun Experten sollen d’Sozialagenda op de Leescht huelen.

De Frank Engel stéing zu sengen Aussoen, datt fir d’Relance ze finanzéieren, net just Scholde kéinte gemaach ginn, mä och déi grouss Verméige misste méi besteiert ginn, notamment iwwert d’Ierfschaft, mä mat Abattement, fir net déi ze treffen, déi just hire Kanner wëllen eppes hannerloossen. Hie géing sech ferm Suerge maachen, wéi dës Regierung am Gaange wier, där Nächster d’Land z’iwwerloossen.

An der CSV ginn et awer Memberen, déi kategoresch géint esou Mesure sinn. Ob hien dann trotz deem Widderstand President kéint bleiwen? Dat géingen déi nächst Méint weisen, sou de Frank Engel. Hie selwer kéint dat haut net mat „Jo“ beäntwerten. Als President hätt een net just virzedanzen, mä och dat ze maachen, wat d’Membere wëllen. Datt een inhaltlech net ëmmer op enger Linn läit, dat wier awer an enger Vollekspartei normal. Hien hätt iwwert déi lescht 25 Joer an der CSV awer net d’Gefill kritt, datt hie mat senge Proposen op engem anere Planéit géing liewen.

E Mëttwoch de Moie war den CSV-President eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
No Propose vum Frank Engel: Am Virfeld vum CSV-Nationalcomité: Kee Showdown en vue

Back to Top
CIM LOGO