ADR wier sou gutt opgestallt wéi nach ni
Den ADR-Deputéierte war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
70 Joer al, 44 Joer an der Politik, 31 an der Chamber an elo geet en an d'Pensioun.
De Gast Gibéryen huet keng Angscht, datt d'ADR no sengem Depart géif no riets réckelen. Dat huet den déngschteelsten Deputéierten op en neist am RTL-Interview um Dënschdeg de Mueren ënnerstrach. Hien hätt scho méi laang decidéiert, mat 70 wëllen opzehalen. Et misst ee wësse wann ee geet...da wann et am Schéinsten ass. Och 3 Joer virun de Walen, fir datt sech säi Successeur kéint aschaffen a sech en Numm maachen an der Politik.
De Gast Gibéryen hätt ganz vill Vertrauen a säin Nofollger an der Chamber, de Fred Keup, soss géif hien net ophalen, mä weider fuere bis d'Walen. Dee wier net riets oder rietsextrem, och wa verschidde Lénkskräften de Fred Keup gär géifen an deen Eck drécken, well hie sech géint d'Auslännerwalrecht agesat huet.
Den neie President vum Groupe parlementaire vun der ADR Fernand Kartheiser wier ee vun den Intelligentsten an der Chamber, sou de Gast Gibéryen weider. E wier konservativ jo, an dat wier gutt, well dat géif ëmmer méi rar ginn am Parlament. Mä och hei wier keng Gefor, datt d'ADR méi no riets réckelt.
Hie selwer hätt op alle Fall ni dru geduecht, d'Partei ze wiesselen... Déi Partei, déi en iwwer 30 Joer mat gegrënnt huet. Hien hätt och ëmmer kënne soen, wat e wollt. Déi Fräiheet hätt een a kenger anerer Partei.
Am Réckbléck huet de Gast Gibéryen ënnert anerem drop higewisen, datt et d'ADR gewiescht wier, déi fir Rentegerechtegkeet hei am Land gesuergt hätt. An och wa seng Stëmme géife feelen, wier him net baang ëm seng Partei, well dës wier personell gutt opgestallt.
Als ADR hätt een d'Regierung kontrolléiert an an enger Kris och Verantwortung iwwerholl. Aus der Oppositioun eraus hätt een ënnert anerem fir Rentegerechtegkeet gesuergt an 2015 beim Referendum eng ganz wichteg Roll gespillt. Ëm seng Partei wär him net baang. Déi wär sou gutt opgestallt wéi nach ni.
Angscht maachen him awer d'Staatsfinanzen. Déi wären net an der Rei. Et géife just Sue geléint ginn a Reserve wäre keng do. Steiererhéijunge wäerte kommen, fäert de Gast Gibéryen, méi wichteg wär et fir Steiergerechtegkeet ze suergen. Andeems een Abuse bei de FISen a Stock Options verhënnert.
De Gast Gibéryen huet den 13. Oktober säi leschten Dag an der Chamber – mam Etat de la nation vum Premier Xavier Bettel.
Den Dag drop gëtt säin Nofollger Fred Keup vereedegt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.