En Donneschdeg de Moie war de Generaldirekter vun der CSSF eisen Invité vun der Redaktioun.

Duerch d’Aarbecht vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Finanzplaz CSSF „kënnt et zu vill manner Problemer wéi der u sech kéinte kommen“.

Dat sot de Generaldirekter vun der CSSF, de Claude Marx en Donneschdeg de Moien op RTL. Déi bal 1.000 Agenten vun der Iwwerwaachungskommissioun géingen "andauernd" bei Banken an aneren Déngschtleeschter vun der Finanzplaz Saache fannen, déi verbesserungswierdeg sinn oder bestrooft musse ginn. Donieft géing d’CSSF vill vu Whistleblower gemellt kréien. „Interessanterweis“ géinge sech déi meescht net anonym mellen. D’CSSF géing dee Volet vun hirer Aarbecht ganz Eescht huelen an all deene Meldungen nogoen. Duerch déi Meldunge wiere Problemer opgedeckt ginn.

De Claude Marx war den Invité vun der Redaktioun, well Lëtzebuerg am Moment 75 Joer Finanziwwerwaachung feiert. Fir deen Ulass goufen e Buch an e Film verëffentlecht aus deenen notamment ervirgeet, datt duerch Skandaler d’Reguléierung vun de Finanzinstituter evoluéiert huet. „Dat sinn natierlech Schocken, wou dann drop reagéiert gëtt“, sou de Claude Marx. Am Film „75 Joer Finanziwwerwaachung“ ginn awer d’Luxleaks oder d’Panama Papers net erwäänt. War dat ze kriddeleg? „Nee absolut net“, äntwert de Claude Marx, deen op d’Buch verweist, wou déi Aspekter opgeschafft gi sinn. Et géing keen Tabu ginn, mee am Film hätt een net alles kënnen ofdecken.

Skandaler oder Affären sinn och dat schlëmmst, wat der Lëtzebuerger Finanzplaz kéint geschéien, sou d’Temoignagen vun Zäitzeien am Film vun der CSSF. Eréischt e Mëttwoch gouf et erëm negativ Schlagzeile well d’Bank Edmond de Rothschild um Lampertsbierg vun enger Plainte vun engem russesche Client an den USA viséiert ass. Déi Bank war scho wéinst Verstréckungen an der 1MDB Affär a Malaysia vun der CSSF bestrooft ginn. Op d’Fro, wéi vill Schmu eng Bank muss, kann oder däerf maachen, iert se hir Lizenz ewechgeholl kritt, huet de Claude Marx geäntwert: „D’Iddi ass net, datt mir hei an engem Spill sinn, wou soulaang Schmu gemaach gëtt bis et net méi geet“. D’CSSF wier „ganz harsch“ wa se Saache feststellt, déi net an der Rei wieren. Et ginn Amenden, mä d’concernéiert Finanzinstituter ginn och mam Numm genannt, wat déi eigentlech Strof wier „well eng Bank lieft vun hirer Reputatioun“.

Den Erfolleg vun der Finanzplaz

Wann ee 75 Joer zeréckkuckt, wier ganz vill geschitt an d’Welt wier awer och vill méi komplizéiert ginn. D’Ursaach firwat trotz ëmmer méi Reguléierung an internationale Reegelen d’Finanzplaz zu Lëtzebuerg nach ëmmer esou erfollegräich ass, gesäit de Claude Marx an der „Expertise, déi sech déi lescht 30,40 Joer zu Lëtzebuerg ugesammelt huet“.

De Brexit géing weisen, datt vill Finanzinstituter decidéiert hunn an de Grand-Duché ze kommen „well se de Confort hunn, datt hei eng seriö Finanzplaz ass“. Aus dem Film – a virdru scho Medieberichter – geet ervir, datt Lëtzebuerg seng Reegelen ëmmer an enker Zesummenaarbecht mat den Akteure vun der Finanzplaz developpéiert huet.

Geet et net éischter dowéinst der d’Finanz- a Fongeplaz gutt, well de Kader méi generéis ass? De Claude Marx äntwert:„haut besteet Transparenz par Rapport zur Origine vun de Suen a vun de Revenuen vun de Leit“. Et wier keen Thema méi, datt d’Finanzplaz benotzt géing ginn, fir keng Steieren ze bezuelen. Datt d’Investment Fongen eng ganz niddreg Steier bezuelen, wier dorobber zeréckzeféieren, datt een eng duebel Besteierung wéilt vermeiden. D’Investmentfongen wiere ganz wichteg fir d’Investissementer an d’Entreprisen an op de Kapitalmäert.

Invité vun der Redaktioun: Claude Marx

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.