En Donneschdeg de Moie war d'Generaldirektesch vun ZithaSenior eis Invitée vun der Redaktioun.

D'Hallschent vun de Leit, déi hei am Land a Verbindung mam Coronavirus gestuerwe sinn, hunn an engem Alters- oder Fleegeheem gelieft. 262 Persounen hu bis ewell an deenen Institutiounen hiert Liewe wéinst der Longekrankheet gelooss. Eis Invitée vun der Redaktioun, d'Vizepresidentin vun der Copas, d'Carine Federspiel, huet dës Zuel en Donneschdeg de Moie relativéiert. Zanter Mäerz géife Statistiken erfaasst ginn, wéi vill Leit an den Haiser u Covid stierwen, ma eng héich Stierflechkeet ënnert de Pensionnairen an den Alters- a Fleegeheemer wier normal. Cipa a Fleegeheem wier nu mol fir vill Leit déi lescht Etapp an hirem Liewen. D'Awunner, déi duerchschnëttlech 85 Joer hunn, wieren héchst fragil a wann do eng Infektioun virkënnt, kann et séier zu engem multipellen Organversoe kommen. En Taux vun 20-30% Mortalitéit wier an den Haiser och an aneren Zäiten normal. Wéi d'Carine Federspiel am Virgespréich sot, wier déi Mortalitéit d'lescht Joer iwwregens net an d'Luucht gaangen.

Den Ament gëtt et 55 aktiv Infektiounen an den Alters- a Fleegeheemer am Land.

Keen absolutte Schutz

Zanter Mäerz wieren all Dispositiver en place gesat ginn, fir d'Bewunner ze schützen. Et géif extrem gutt opgepasst ginn, datt keng Kontaminatioune geschéien. An awer si besonnesch wärend der Well am Hierscht a Part vill Awunner an den Alters- a Fleegeheemer gestuerwen. Déi Well wier méi schlëmm gewiescht, sot dozou eis Invitée. De Virus wier allgemeng vill zirkuléiert. Och d'Mataarbechter hätte sech ugestach. Déi wieren engem héije Risk ausgesat, wa se an Unitéite schaffe mat villen Infektiounen. An de Schutz virun enger Infektioun kéint net honnertprozenteg ecartéiert ginn. Och wann d'Schutzmesurë korrekt applizéiert ginn, sou d'Vizepresidentin vun der Copas.
Ëmmer rëm sensibiliséieren

Déi absolut Majoritéit vun de Famillje géife sech un d'Gestes barrières halen, seet d'Doktesch. Ma et gëtt Ausnamen an et wier och schwiereg, iwwert déi laang Zäit permanent d'Gesten ze respektéieren. D'Bewunner hätten och mol de Besoin, heem bei d'Famill ze goen, wat jo och erlaabt ass, wann et net vill Infektiounen am Haus gëtt. Derbäi kënnt, datt eng Rei eeler Leit duerch hir Demenz notamment net verstinn, datt een de Mask permanent soll unhalen.

Wou d'Leit sech finalement ugestach hunn, kéint net ëmmer nogewise ginn. Et géifen zwee Weeër ginn, wéi de Virus an en Haus erakënnt. Iwwert déi Leit, déi op Besuch kommen, oder d'Mataarbechter. Do wier een awer enk derhannert, fir der Saach op d'Spuer ze goen. An engem reegelméissege Rhythmus vu 6 Woche géifen d'Haiser donieft via Large Scale Testing komplett duerchgetest ginn. D'Awunner an och d'Mataarbechter.

Mataarbechter gi vun der nächster Woch un an den Haiser selwer geimpft

An de Fleegeheemer sinn an enger 1. Phas elo schonn 1.090 Residente geimpft ginn. E Méindeg geet déi zweet Etapp lass. Da kommen bis de 5. Februar 11 weider Fleegeheemer a Cipaen un d'Rei. Nei ass, datt och d'Personal an de Strukture selwer geimpft ka ginn an net méi muss an den Impfzenter Victor Hugo Hal op de Lampertsbierg fueren.

D'Carine Federspiel appelléiert un déi Professionell aus dem Gesondheetssecteur, fir sech iwwert de Vaccin z'informéieren a sech impfen ze loossen. Et bräicht ee Mataarbechter, déi net krank ginn. D'Impfbereetschaft bei de Professionellen aus dem Santés- a Fleegeberäich ass fir den Ament mat knapps 30% ganz geréng. Wann e Problem optrëtt, misst een adaptéieren, sou d'Copas-Vizepresidentin. Dat wier elo geschitt. Et géif een allgemeng all Woch de Point mat der Santé an dem Familljeministère maachen.

An enger drëtter Phas soll dann am Februar och an den Heemer fir Leit mat engem Handicap geimpft ginn.

D'Doudesfäll vun 33 Persounen iwwer 75 Joer no enger Corona-Impfung an Norwegen ännert näischt un der Lëtzebuerger Impfstrategie. Grad sou wéineg wéi an Norwegen. Et hätt nämlech an den Analyse keen direkte Lien kënne festgestallt ginn tëscht der Impfung an dem Doud. D'Carine Federspiel bleift derbäi: Déi vulnerabel Leit mussen an enger éischter Phas onbedéngt geimpft ginn.

Dat wier déi eenzeg Chance, kee schwéiere Verlaf vun der Longekrankheet ze kréien.

Invité vun der Redaktioun: Carine Federspiel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.