Police ass en Deel vun der Léisung. Gewaltpreventioun muss éischter ufänken
E Mëttwoch de Moie war de Policeminister eisen Invité vun der Redaktioun.
Gewaltbereetschaft war nach ëmmer do. Duerch d'Pandemie an d'Aschränkunge wieren Aggressiounen a Gewaltbereetschaft eropgaangen. Dat hätt sech och rezent zu Bouneweg gewisen, wou e jonke Mann vun zwee Mineuren déidlech blesséiert gouf. Dat sot de Policeminister Henri Kox um Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Méi Policepresenz eleng géif net duergoen, fir esou eppes ze evitéieren. Et dierft een de Problem och elo net just lokal kucken, sou eppes hätt och kënnen op enger anerer Plaz geschéien. D'Aarbecht misst schonn éischter ufänken, méi präventiv sinn. Et géif drëms goen d'Problemer vun de Jugendleche ze erkennen an ze bekämpfen, zum Beispill an de Schoulen.
Och bei der Drogeproblematik misst nach méi op Präventioun a Sozialaarbecht gesat ginn. Dowéinst misst Ministère-a Service-iwwergräifend geschafft ginn. Ugangs der Woch souz ee scho beieneen an en Donneschdeg ass eng weider Reunioun mat enger Partie Acteuren aus verschiddene Beräicher. Ënnert anerem sëtzt och den Educatiounsminister Claude Meisch mat um Dësch.
D'Gewaltbereetschaft sollt een op alle Fall ganz Eescht huelen. Virun engem Joer hätt een d'Effektiver vun der Police erop gesat.
Et géif massiv rekrutéiert ginn, dëst Joer iwwer 200 Beamten, déi nächst zwee Joer nach eemol 400 plus 240 Zivilisten.
Op der Gare wär d'Presenz zanter dësem Joer méi héich. Vu 55 hätt een op 75 Beamten opgestockt. Plus 10 Leit, déi an Zivil ënnerwee sinn.
De Policeminister ass weider net enchantéiert, datt d'Stad Lëtzebuerg zousätzlech eng privat Sécherheetsfirma defiléiere léisst. Hie ka sech kaum virstellen, datt zwee Leit fir méi e grousst Sécherheetsgefill suerge wéi 85 Beamten. Bei der IGP, der Inspection générale de la police, huet den Henri Kox eng Analyse gefrot: wéi en Impakt sou eng privat Sécherheetsfirma op d'Policeaarbecht huet. De grénge Minister bleift derbäi, datt den Ordre public misst ënnert der Kontroll vum Staat bleiwen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu, op der App an am RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.