Invité vun der Redaktioun (30. Mäerz) - Julie-Suzanne BauschImpfflicht ass keen Impfzwang

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie war d'Presidentin vun der nationaler Ethikkommissioun eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Julie-Suzanne Bausch
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Enn 2020 war eréischt ganz wéineg Vaccin versprach ginn. Dowéinst d’Decisioun, de vulnerabelste Grupp, also eeler a schwéier krank Leit, fir d’éischt ze impfen. Dat sot d’Julie-Suzanne Bausch am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien.
Si ass d’Presidentin vun der nationaler Ethikkommissioun, déi d’Regierung am Kontext Impfcampagne beroden huet.

Wa genuch Vaccin-Dosissen do sinn, misst een awer driwwer nodenken, d’Impfen der Funktioun oder der Expositioun no opzemaachen.

Déi national Ethik-Kommissioun ass de Moment der Meenung, et wier nach ze fréi, fir iwwer méi Rechter fir Geimpfter ze schwätzen. Dat wier fundamental net gerecht, sou d’Presidentin, well jo nach net all Mënsch d’Méiglechkeet huet sech impfen ze loossen. Am Private kéinte geimpfte Leit ënnert sech awer méi Rechter kréien. Ouverture misste parallel lafen zur Disponibilitéit vum Vaccin. Leider wier een a ganz Europa nach ëmmer an enger Penurie, wat de Vaccin ugeet. D’Madamm Bausch huet och zouginn, datt d’Suspendéiere vu Rechter méi séier geet wéi se zeréck ze kréien.

Wat eng méiglech Impfflicht ugeet, notamment beim Gesondheetspersonal, ënnersträicht d’Presidentin vun der Ethikkommissioun, datt dat en heekelt Thema wier. Et dierft een eng Impfflicht och net verwiessele mat engem „Impfzwang“. Et kéint een demokratesch an op Landes- oder europäeschem Niveau driwwer diskutéieren, ob ee wéinst senger Aarbecht net kéint obligéiert ginn, sech impfen ze loossen. Gesat de Fall, misst dat aarbechtsrechtlech konform sinn. Keen dierft och dee Moment entlooss ginn.

E schlecht Gewësse maachen, Drock maachen a Staminets-Gespréicher géife näischt bréngen.

Virun engem Joer hätt een nach fir déi Leit geklappt, elo dierft ee se net ënner Drock setzen, mä mat hinnen iwwer hir Bedenken an Angscht diskutéieren.

En Dënschdeg de Moie war d’Presidentin vun der nationaler Ethikkommissioun eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO