En Dënschdeg de Moie war de President vun der Associatioun "Finance and Human Rights", Charles Muller, eisen Invité vun der Redaktioun.

Virun 10 Joer huet d'Uno festgehalen, dass all Land sech géing engagéieren, fir dass hir Entreprisë verschidde Mënscherecht-, Ëmwelt- a Sozial-Prinzippien an hiren Aktivitéite géing respektéieren. All Entreprise huet Aktivitéiten, schafft mat Fournisseuren zesummen an huet Kontrakter. All dat soll a puncto Diligence also Suergfaltsflicht gekuckt ginn, fir ze kontrolléieren, wéi mat Mënscherechter ëmgaange gëtt. Dat ass d'Iddi hannert dem Liwwerkettegesetz. Dat huet de Charles Muller, Finanzexpert a President vun der Associatioun Finance and Human Rights, en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview erkläert.

E Beispill: 2013 ass d'Textilfabréck Rana Plaza am Bangladesch an de Koup gefall an iwwer 1.000 Leit si gestuerwen. Et war gewosst, dass dëst grousst Gebai baufälleg wär an awer goufen Aarbechter forcéiert, do fir grouss westlech Marke Kleeder ze produzéieren. Duerno gouf sech d'Fro gestallt, awéiwäit déi westlech Marken dofir kéinte responsabiliséiert ginn.

E Verglach: Liwwerkettegesetz a Bankgeheimnis

D'Uno-Prinzippie sinn antëscht 10 Joer al. Verschidde Länner hunn hiert Engagement ageléist, ma Lëtzebuerg nach net. Well d'EU gesinn huet, dass vill Länner keng grouss Begeeschterung gewisen hunn, fir selwer eppes ze maachen, huet Bréissel decidéiert, een europäescht Liwwerkettegesetz op d'Been ze stellen. D'EU-Kommissioun soll hire Projet nach dëst Joer presentéieren. Lëtzebuerg hätt also elo de Choix: entweder géing een elo schonn e Gesetz hei am Land maachen, well een de Sujet géing als wichteg empfannen a sech och par Rapport zur Uno engagéiert hätt (n.d.l.r. Lëtzebuerger Kandidatur fir e Sëtz am Mënscherechtsrot), oder et géing ee spéitstens eppes ëmsetzen, wann ee vun der EU forcéiert gëtt, erkläert de Charles Muller.

De Finanzexpert huet d'Gefill vun engem Déjà-vu par Rapport zum Bankgeheimnis. Och do wär jorelaang gesot ginn, et misst een oppassen, well wann d'Bankgeheimnis, also d'Steiergeheimnis, géing ofgeschaaft ginn, da géing d'Finanzplaz futti goen, a vun haut op muer wären dann dausenden Aarbechtsplaze fort. Dat wär éischtens Quatsch an zweetens e ganz schlechte Message no baussen, well een eigentlech gesot hätt, dass mat just nach éierleche Clienten d'Bankeplaz géing Faillitten deklaréieren. An un de negative Konsequenze vun der Reputatioun géing een haut nach schaffen. Hei wär et nämmlecht. Et géingen ëmmer nees Leit iwwerspëtzt formuléiert soen, wann ee sech misst un d'Mënscherechter halen, da géingen d'Entreprisë muer de Moie Faillitte maachen oder auswanderen. Dat wär och Quatsch a géing de falsche Message ginn, sou de Charles Muller.

Kee Schued fir d'Kompetitivitéit

D'UEL, also d'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen, ass géint ee Liwwerkettegesetz. Si fäerte méi Bürokratie a Sanktiounen. Op d'Fro, ob d'Lëtzebuerger Entreprisen awer duerch e  Liwwerkettegesetz manner kompetitiv géinge ginn, äntwert de Charles Muller „sécher net“. Well däitsch, franséisch an englesch Entreprisen hätten déi nämmlecht Problemer, well et do och scho Gesetzer gëtt. Wat méi Länner sou ee Gesetz hunn, wat ee sech méi kéint drop verloossen, dass d'Fournisseuren déi nämmlecht Aarbecht scho gemaach hunn, erkläert den Invité.

Den Direkter vun der Fedil, René Winkin hat e méiglecht Lëtzebuerger Liwwerkettegesetz an enger Carte Blanche hei op RTL esou kritiséiert: „Firwat soll eng Lëtzebuerger PME mussen Nofuerschungen ustellen iwwer d'Kuel fir de Stol aus Asien, deen an hirem belsche Fournisseur sengen däitsche Schrauwen aus slowakescher Produktioun dran ass?“. Wann een also zum Beispill géing iwwer déi däitsch Schrauwe schwätzen, da wéisst ee jo, dass mëttlerweil déi däitsch Entreprise och un e Liwwerkettegesetz gebonne wär an da misst ee just nach kontrolléieren, dass si sech och dorun hält, erkläert de Charles Muller. Wat also méi Länner matmaachen, wat de System géing méi einfach ginn. Mee et misst een och éierlech sinn, natierlech wäert et am Ufank zousätzlech Aarbecht ginn, mee „de Sujet muss eis dat wäert sinn“, sou eisen Invité.

Méi Kloerheet mam Liwwerkettegesetz

Den éischte But vum Gesetz wier, preventiv ze soen, dass Mënscherechter net méi solle mat Féiss getrëppelt ginn. Doru géing een och schaffen – och mat der Finanzplaz. Ganz dacks hätten d'Entreprisen och e Finanzement, wéi e Prêt bei enger Bank, a wann do géing Drock gemaach ginn, fir dass Saache sech änneren, dat géing vill hëllefen. Mee natierlech misst ee Sanktioune virgesinn, am Finanzsecteur géing et scho Sanktiounen ginn, déi d'CSSF zum Beispill an anere Matièren hätt, an déi kéinten och op e Liwwerkettegesetz applizéiert ginn. Ma déi grouss Fro, déi sech duerno géing stellen, wier, awéiwäit ee kéint ugesicht ginn, vun enger Victime, wann ee sech net un d'Gesetz gehalen huet.

De grousse Merite vun engem Gesetz wier awer, dass dann all Entreprise géing wëssen, wat se misst maachen, fir kee Feeler méi ze maachen. Dofir wieren och eng Rëtsch Entreprisë fir ee Gesetz, well dat géing kloerstellen, wéini ee konform ass a wéini net. Dat éischt Zil wier dann och net, dass sech eppes fir de Privat-Consommateur ännert, mee fir d'Leit, déi leiden, sou de Charles Muller. Mee e positiven Nieweneffekt wier awer, dass d'Leit besser wéissten, wou hir Wueren hierkommen.

Impakt vum Liwwerkettegesetz op de Finanzsecteur

Am Finanzsecteur wär scho guer net méi d'Fro, „kann oder wëll ech e Gesetz maachen“, mee do géinge Gesetzer op europäeschem Niveau kommen, déi och schonn an der Ëmsetzungsphas wieren, sou de Charles Muller. Zu Lëtzebuerg wieren d'Finanzbetriber ganz dacks Filiale vu groussen internationale Gruppe wéi Deutsche Bank Lëtzebuerg oder JP Morgan, wou d'Mammenhaus an engem anere Land wier, wou schonn esou ee Gesetz ass a wou d'Gesetz sech da souwisou schonn op de ganze Grupp géing applizéieren. Am Fall vu BNP Paribas misst sech souwisou a Frankräich schonn un d'Gesetz gehale ginn, an automatesch wier Lëtzebuerg och do schonn mat dran.

Invité Redaktioun vun der Redaktioun: Charles Muller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.