Mat den aktuelle Mesuren ass + 3 Grad bis 2100 am probabelsten
En Dënschdeg de Moie war de Meteorolog aus dem Landwirtschaftsministère eisen Invité vun der Redaktioun. Thema war de Weltklimarapport.
D’Äerderwiermung ass indiskutabel op de Mënsch zeréckzeféieren an egal wat elo gemaach gëtt, wäerten d’global Temperature weider an d'Luucht goen. Dat sot de Klimatolog Andrew Ferrone en Dënschdeg de Moien hei op RTL. Hie vertrëtt Lëtzebuerg am Weltklimarot, deen e Méindeg den éischten Deel vum Rapport iwwert de Klimawandel vum 6. Zyklus presentéiert huet.
Aus dem Rapport geet ervir, datt sech bis 2030 de Planéit ëm 1,5 Grad Celsius am Verglach zum virindustriellen Zäitalter wäert erwiermen - an domadder 10 Joer éischter wéi dat 2018 nach virausgesot gi war.
Mat den aktuelle Mesuren, déi um Dësch leien, wier dem Andrew Ferrone no de mëttleren Zenario dee probabelsten. Dee gesäit vir, datt bis d’Joer 2100 d’Temperature bis zu 3 Grad an d’Luucht ginn.
Pro Grad méi klëmmt och den Undeel vun der Loftfiichtegkeet ëm 7%. Den Andrew Ferrone huet erkläert, datt dat dann dozou féiert, datt et och méi reent, an et dofir och zu méi Iwwerschwemmunge ka kommen. Hei zu Lëtzebuerg géing ee mierken, datt d’Staarkreen-Néierschléi zouhuelen, an dat géing wuel och esou weidergoen.
Et ass awer net ze spéit, fir de Schued ze limitéieren: D‘Emissioune musse carrement an alle Secteure kommen. Am nächsten Deel vum Klimarapport, deen d‘nächst Joer kënnt, wéilt ee kucken a wéi enge Beräicher am meeschten ausgestouss gëtt, sou den Andrew Ferrone. Kloer wier elo schonn, datt vill manner muss ausgestouss gi wéi haut.
Well den IPCC reng op wëssenschaftleche Basen schafft, kéint een och garantéieren, dass am Weltklimarapport keng politesch Tendenze mat agefloss sinn, mä eben reng neutral Natur-Tatsaachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.