En Donneschdeg de Moie war de Fuerscher vum Liser eisen Invité vun der Redaktioun.

Et feelt net u Bauterrainen am Land, mä Bauland gëtt bewosst zeréckgehalen, fir nach méi vun enger Hausse vun de Präisser ze profitéieren. Dat geet aus enger Etüd vum Liser ervir, bei där de Fuerscher Antoine Paccoud den Haaptauteur war. Hie war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun a sot, d’Politik géing näischt dogéint ënnerhuelen.

Eng Strof, wann een Terrain zeréckhält oder eng Ureegung, wann Terrain mobiliséiert gëtt, géing et net ginn. Dat kéint ee sech als "Kaddo" virstelle fir Groussbesëtzer zanter Generatiounen, fir deen d’Allgemengheet mat hirer Aarbecht géing bezuelen, sou den Antoine Paccoud. Hien huet och drun erënnert, datt 90% vum Bauland a privaten Hänn ass. Laut Donnéeë vum Liser besëtzt och e klenge Grupp vu Leit de groussen Deel vum Bauland.

Aner Ursaache fir Präishausse

De Promoteur Marc Giorgetti hat e puer Mol schonn RTL géigeniwwer betount, hie géing zum Beispill keng Terrainen zeréckbehalen. Et wier wéinst de Prozeduren an den Autorisatiounen, datt hien net esou séier kéint bauen ewéi hie sech géing wënschen. Den Antoine Paccoud vum Liser seet awer: fir datt dat Argument gëllt, da misst d’Dauer vun de Prozeduren iwwert d'Jore méi laang gi sinn, well d’Präisser, déi sinn eréischt déi lescht Joren explodéiert. Hie plädéiert fir méi Transparenz: wann d’Promoteure géinge weisen, wéi vill Autorisatioune si ugefrot hunn an aner Prozeduren um Lafen hunn, da kéinte se jo beweisen, datt se keen Terrain bewosst zeréckhalen.

Den Antoine Paccoud gëtt awer zou, d’Präishausse um Immobiliëmarché wier och kloer op weider Facteuren zeréckzeféieren. Zum Beispill op déi niddreg Zënsen an aner steierlech Virdeeler, déi den Invest an d‘Lokatioun an domadder d’Demande nach méi ufeieren.

Haaptléisung: Grondsteier erhéijen

Als Haaptléisung proposéiert den Antoine Paccoud eng héich Grondsteier. Déi kéint een intelligent reforméieren, sou datt Proprietäre motivéiert ginn, fir hiren Terrain hierzeginn. Un d’Politik war et den Appell, sech mat de Proprietären iwwert en Taux eens ze ginn, deen et géing erlaben, de “Blockage” opzehiewen.

De Perimeter erweideren, sou wéi d’CSV et proposéiert, wier eng manner gutt Iddi, sou de Fuerscher Antoine Paccoud. Firwat sollt een nach méi Leit e Kaddo maachen? E méi grousse Perimeter géing dem Fuerscher no nëmme weider Millionäre schafen, ouni datt awer onbedéngt méi gebaut gëtt.

Den Historique vum Logementsdebat

Invité vun der Redaktioun: Antoine Paccoud

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.