"Sensibiliséierungscampagne vun der Regierung huet net genuch Leit erreecht"
En Dënschdeg de Moie war den CSV-President eisen Invité vun der Redaktioun.
"Ech erwaarde mer net ganz vill vum État de la Nation." Obschonn et grad elo ganz wesentlech wier ze weisen, wou d'Land soll histeieren. Speziell wéinst de Léieren, déi ee misst aus der Pandemie zéien. Dat sot den CSV-President Claude Wiseler den Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.
Hien erhofft sech, datt konkret Aussoen zu de Sujete Wuesstem, Digitalisatioun, Santés- a Schoulpolitik an natierlech Logement kommen. D'Bautepolitik vun der Regierung géif nämlech net duergoen. D'CSV hätt do kloer Iddien. Wéi zum Beispill eng Spekulatiounssteier oder och datt de Bauperimeter erweidert gëtt.
Wat déi nei Corona-Reegelen ugeet, notamment de CovidCheck op der Aarbecht: Dozou sot de Claude Wiseler, datt déi Mesuren elo leider néideg wieren, well den Impftaux am Land ënnert der europäescher Moyenne léich.
D'Regierung hätt et do verpasst, eng richteg Sensibiliséierungscampagne ze maachen. Et hätt een den Impfgéigner den Terrain ze laang iwwerlooss. Dowéinst wier een elo obligéiert, fir méi streng ze ginn.
Ob d'CSV dat neit Gesetz matstëmmt, konnt de Claude Wiseler nach net soen. Et géif een ënnert anerem op den Avis vum Staatsrot waarden. Op alle Fall wieren nach vill aarbechtsrechtlech Froen ze klären.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.