E Mëttwoch de Moie war den Direkter vum Fonds du Logement eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Waardelëscht ass erschreckend grouss, mä mir hunn einfach net genuch, fir de Leit unzebidden. Dat sot de Mëttwoch de Moien den Direkter vum Fong Jacques Vandivinit als eisen Invité vun der Redaktioun. Eleng un den Zuelen, wéi vill Wunnengen de Fonds du Logement pro Joer op de Marché bréngt, kéint een dem Fong seng Aktivitéit awer net wierklech jugéieren. Déi plakeg Zuele gesinn effektiv no wéineg aus. 2020 huet de Fonds du Logement 82 Wunnenge fäerdeggestallt. Dat Joer virdru waren et der 41. Bäi wäitem net genuch also, fir der grousser Demande gerecht ze ginn. Den Ament waarde méi wéi 4.000 Stéit op eng Wunneng.

Dat géif weisen, wou grouss d'"Détresse" bei de Leit ass, sou de Jacques Vandivinit. Et géif een och am Accueil ganz dacks Leit begéinen, deenen et richteg schlecht geet.

Duerch Bauen, Renovéieren a Relogéieren hätt een 2020 alles an allem méi wéi 200 Leit Wunnenge verschaf. Méi séier Wunnraum schafen, wier awer net evident. Och wann de Fonds du Logement genuch Terrainen huet, fir déi nächst 10, 15 Joer ze bauen.

Eng schéi propper Wiss kritt de Fonds du Logement éischter net

De Fong gehéiert, dem Observatoire de l'habitat no, zu deenen Acteuren, déi mat dee gréisste Baulandpatrimoine hunn a kënnt an engem Ranking, deen de Logementsministère Enn Januar publizéiert huet, no der Firma Arendt&Fischbach an der Stad Lëtzebuerg op der drëtter Plaz. 120 Hektar wieren den Ament an der Planung, respektiv am gaangen, bebaut ze ginn, sou eisen Invité de Mëttwoch de Moien. Alles an allem maachen d'Baulandreserve souguer méi wéi 200 Hektar aus. En Deel vun deenen Terrainen ass awer och als ëffentleche Raum geduecht.
Vill Terraine missten awer fir d'éischt nach amenagéiert, dekontaminéiert ginn. De Fonds du Logement géif nämlech net ëmmer "déi schéinsten Terrainen" zur Verfügung kréien. Duerfir awer vill Friche wéi zu Diddeleng a Wolz. "Eng schéi propper Wiss, wou alles scho läit", wier éischter rar.

Derbäi kéim den Ament och nach de Manktem u Main d'Ouevre an d'Liwwer-Retarde beim Material. An et wier och ëmmer méi schwéier, Baufirmen ze fannen, fir bei den ëffentlechen Ausschreiwunge matzemaachen.

Nëmmen 30 vun 150 Mataarbechter fir d'Konstruktioun

Mat deem aneren ëffentleche Bauträger, der SNHBM, wëll de Jacques Vandivinit de Fonds du Logement net vergläichen. Et hätt ee ganz aner Funktiounsweisen. Notamment geréiert de Fong méi wéi 2.000 Mietwunnengen a vun 150 Mataarbechter géifen der grad emol 30 an der Konstruktioun schaffen. Méi wéi duebel sou vill wieren do, fir d'Locatairen ze encadréieren an den techneschen Encadrement vun de Gebaier ze maachen. Et wieren awer och am Gaang, sech weider ze verstäerken. Mä iwwerall géife grad Leit gesicht.

Zuel vu Bauprojete soll däitlech eropgoen

Konkret Zil vum Fonds du Logement ass et awer, an den nächste 5 Joer an der Moyenne 150 Wunnengen op de Marché ze bréngen. Duerno ass geplangt, nach weiderzegoen. Ënnert der Konditioun, datt de Maart et hiergëtt. De Fong baut nämlech net selwer, mä an Zesummenaarbecht mat private Baufirmen. Mat de groussen Envergureprojete wéi "Neischmelz" zu Diddeleng a "Wunne mat der Wooltz" notamment si méi wéi 4.600 Logementer mëttel- bis laangfristeg viséiert.

Zu Wolz wier spéitstens an zwee Joer mat den éischte Wunnengen ze rechnen.

Éischt Resultater vun der neier Cité Syrdall mat hire ronn 160 Wunnenge soll et schonn an den nächste puer Joer ginn. "Neischmelz" ass fir den Ament op 2035 ausgeluecht.

Invité vun der Redaktioun: Jacques Vandivinit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.