E Freideg de Moie war d'Familljeministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Déi Leit, déi an den Alters- a Fleegeheemer liewen, wieren zwar wuel méi vulnerabel, wat de Coronavirus ugeet, ma si wieren awer och quasi alleguer komplett geimpft, esou d'Familljeministesch Corinne Cahen am RTL-Interview. An et wier wichteg, datt nees Liewe kéint stattfannen.
Dëse Wanter hätt et op en Neits och vill Infektiounen an den Haiser ginn, ma ganz dacks hätten d'Leit kaum Symptomer gehat. Déi Fäll hätt een deemno just fonnt, well an deem Beräich ganz vill getest géif ginn, esou d'Ministesch.
Aktuell wieren 83 Residenten infizéiert. Et géif hinnen awer gutt goen, déi Meescht hätten och iwwerhaapt keng Symptomer. Gläichzäiteg wiere 6 Residenten, déi positiv op de Virus getest goufen, den Ament am Spidol.
Ouverturë fir d’Residenten
D’Familljeministesch huet erkläert, datt Residenten, déi en asymptomatesche Verlaf hunn, Besuch vu bausse kënne kréien, wann dës Leit Protectiounsmesuren huelen. Derbäi kënnt, datt ee sech och mat zwee negative Schnelltester aus dem Isolement fréizäiteg ka fräitesten. Wichteg wier, datt nees kéint Liewe stattfannen, wat och duerch den héijen Impftaux méiglech wier.
Zesumme mat der Uni ass och eng Etüd geplangt, fir z’analyséieren, wat all d’Restriktioune fir en Impakt op d’Leit an den Haiser haten.
D’Corinne Cahen mécht sech keng Suergen iwwer Personalfäll an de Strukturen, sollt d’Impfflicht fir d'Gesondheets- a Fleegepersonal agefouert ginn. Et wieren ronn 90% vun alle Mataarbechter geimpft, déi hei am Land wunnen an am Alters- a Fleegeberäich schaffen. 70% hunn hire Booster kritt. Wéi vill Frontaliere sech an hirem Land impfe gelooss hunn, ass net offiziell gewosst.
D'Personalgestioun an den Haiser wier vun Ufank un eng riseg Erausfuerderung gewiescht, esou och dëse Wanter. Ma allgemeng wier d'Solidaritéit ënnert dem Personal awer ganz grouss, esou dass et alles an allem net zu gréisseren Ausfäll komm wier.
DP-Familljeministesch fir cibléiert Hëllefen
Ugeschwat op déi aktuell Hausse vun den Energiepräisser, huet d’DP-Ministesch sech fir eng cibléiert Hëllef fir déi Stéit ausgeschwat, déi et am meeschte brauchen an déi och effektiv bei de Leit ukënnt. D’Corinne Cahen huet net ausgeschloss, datt d’Allocation de vie op en neits kéint adaptéiert ginn. Et hätt een déi awer schonn „in weiser Voraussicht“ eropgesat. Eng eemoleg Primm fir jiddereen, wéi d’LSAP et notamment proposéiert, kënnt fir déi liberal Politikerin net onbedéngt a Fro. Et géifen och haut scho ganz vill Hëllefen ginn. An d'Familljeministesch huet och op d'Offices sociaux verwisen. Dobäi hat de Sekretär vun der Entente vun den Offices sociaux viru Kuerzem nach bei eis op der Antenn gefuerdert, de Staat sollt wéinst der héijer Inflatioun präventiv hëllefen fir z'evitéieren, datt d'Leit iwwerhaapt mussen d'Hëllef vum Sozialamt an Usproch huelen.
Zousätzlech Adaptatioune beim Revis huet d‘Familljeministesch ausgeschloss. De Marc Crochet vun der Caritas hat des Woch vun engem "no man‘s land" tëscht 18 a 25 Joer geschwat, well et do tëscht den Aide keen fléissenden Iwwergang géif. Et wier net am Sënn vun der Regierung, de Revis bei Leit anzesetzen, déi grad vun der Schoul kommen, sou d'Corinne Cahen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.