De privaten Invest an d'Locatioun gëtt "verdäiwelt"
E Méindeg de Moie war den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vun Hesper eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Regierung huet jo d'lescht Woch per Gesetzprojet proposéiert, datt een an Zukunft net méi 5%, mee just nach 3,5% vum investéierte Kapital kann als Loyer froen. Bei der CSV ass déi Propos "batter opgestouss", sou de Marc Lies. Den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vun Hesper huet virop kritiséiert, datt d'Chamber-Logementskommissioun nëmme ganz kuerzfristeg informéiert gi wier.
Dës Mesure ass eis batter opgestouss, sou de Marc Lies am RTL-Interview. Hien ass och Vize-President vun der Logementskommissioun. Dës Kommissioun wier och nëmme ganz kuerzfristeg iwwert den Text informéiert ginn an et wieren nach ëmmer vill Froen op.
Fir d'Oppositiounspartei, mee och fir vill Leit géinge sech virun allem elo vill Froe stellen. De Marc Lies huet un engem Beispill erkläert: wann ee virun 12 Joer eng Wunneng vun 80 Meter Carré fir 375.000 Euro kaf huet, da konnt een deemools e Loyer vu maximal 1.560 Euro froen. Elo géing dat gedeckelt ginn op 1.093 Euro. Den CSV-Deputéierte fäert, datt et fir vill Proprietäre vu Locatiounswunnengen elo méi rentabel géing ginn, d'Wunneng ze verkafen.
Déi Rechnung vum Marc Lies wier falsch, esou d'Reaktioun vun der Regierung. Liest derzou d'Schreiwes weider ënnen.
Den CSV-Deputéierte kritiséiert, datt duerch d'Miet-Brems Investitiounen an de Stee fir Privatleit ëmmer manner interessant géife ginn, also manner Wunnenge kaaft ginn, fir ze verlounen.
De Marc Lies huet zouginn, datt een net kéint pauschaliséieren, well et vill Proprietäre ginn, déi vill vun héije Loyere profitéiert hunn, ouni musse vill Prêt zeréckzebezuelen. Trotzdeem ass hien der Iwwerzeegung, datt d'Propos vun der Regierung wäert bis an d'Mëttelschicht ze spiere sinn. D'Ännerungen um Capital investi wieren eng Verdäiwelung vum privaten Invest an d'Locatioun, sou de Marc Lies. Hie versteet net, firwat de privat Secteur net méi an d'Gestion locative sociale matagebonne géing ginn. E Marché tëscht sozial a private Wunnengsmaart, wou d'Proprietären zu abordabele Präisser verlounen an a Géigepartie 50% vun de Steiere kënnen ofsetzen.
Nieft den ëffentleche Promoteure wieren awer och déi Privat néideg.
Wat d'Reform vun der Grondsteier ugeet an d'Aféiere vu "Mobilisatiounssteieren" op eidel Terrainen a Wunnengen, domadder ass den CSV-Deputéierte prinzipiell averstanen. Seng Partei géing dat elo zanter Joren och froen. Mee och hei wieren Detailer nach ze klären.
Fir dem Manktem u Wunnengen entgéint ze wierken huet d’CSV am Fréijoer aner Mesurë proposéiert. Dorënner déi, datt de Bau-Perimeter do soll opgemaach ginn, wou d'Infrastruktur et erméiglecht. Gläichzäiteg soll och do wou et méiglech ass méi dicht gebaut ginn. Zu Hesper zum Beispill, wou de Marc Lies jo Buergermeeschter ass, do géing et "à ce stade" kee Sënn maachen, méi ze bauen, well soulaang de Contournement net gebaut ass, den Trafic sech aktuell do zesummestaut.
Richtegstellung vum Ministère du Logement
De privaten Invest a Locatiounswunnenge rentéiert sech och weiderhin, awer Mietwucher gëtt ënnerbonnen!
Communiqué par : ministère du Logement Richtigstellung zu einer Aussage von Herrn Lies in der Sendung Invité vun der Redaktioun vom 10. Oktober 2022
Bezugnehmend auf die vorgeschlagene Reform des Mietgesetzes meinte Herr Lies heute morgen fälschlicherweise, dass sich die Investitionen in Mietwohnungen nicht mehr rechnen würden. Er untermauert diese Aussage mit einer Berechnung, die jedoch überhaupt nicht den Vorschlägen des Wohnungsbauministers Henri Kox entspricht.
Nach Aussagen von Herrn Lies wäre – mit der neuen Berechnungsformel der seit 1955 existierenden gesetzlichen maximalen Mietobergrenze – die Vermietung einer 2010 gekauften Wohnung nicht mehr rentabel. Als Berechnungsgrundlage nimmt er hierfür einen Kaufpreis von 375.000 € im Jahr 2010 und berechnet hiervon 3,5% um auf eine Mietobergrenze von 1.093 € zu schließen. Diese Rechnung ist jedoch falsch, egal ob man das Gesetz von heute anwendet oder die vorgeschlagene neue Berechnungsmethode. Mit der neuen Berechnungsformel ergibt sich in Wirklichkeit eine Mietobergrenze von 2.100 €.
In der Tat, muss zuerst das 2010 investierte Kapital auf den entsprechenden Wert von heute hochgerechnet werden. Diese Regel gilt seit 1955 und wurde zuletzt 2006 aktualisiert. Interessierte finden auf www.logement.lu hierzu auch eine ausführliche Erklärung und ein entsprechendes Excel Sheet um diese Berechnungen einfach selber vorzunehmen.
Nach der derzeit anzuwendenden Formel beläuft sich das 2010 investierte Kapital heute auf 423.000 €. Das ergibt eine maximale Mietobergrenze von 1.765 € (5%). Mit dem Reformvorschlag der Regierung beliefe sich das aktualisierte Kapital sogar auf 724.000 €. Dies trägt der Preisentwicklung dieser Wohnung wirklich Rechnung. Im Gegenzug wurde deshalb die maximale Mietobergrenze auf 3,5% festgelegt und beläuft sich auf 2.100 €. Auch hierzu hat das Ministerium ausführliche Erklärungen und ein Excel Sheet zum Selberrechnen veröffentlicht.
Die Behauptungen von Herrn Lies gründen also auf falschen Berechnungen.
Private Investitionen in den Mietwohnungsbau bleiben auch weiterhin erwünscht und rentabel. Wuchermieten werden jedoch unterbunden.
Links:
Wie wird heute die Mietpreisobergrenze gerechnet:
https://logement.public.lu/fr/locataire/bail-loyer.html
Siehe unter Publications und Outils
Wie sieht der Vorschlag der Regierung aus:
https://logement.public.lu/fr/politique/lareformedelalegislationsurlebailausagedhabitationrevueetcompletee.html
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.