En Donneschdeg de Moie war d'Nora Back "Invité vun der Redaktioun". Et geet ëm Aarbechtszäitverkierzung, Steierreform a Pensiounen.

D'sozial Inegalitéite schénge keng Prioritéit vun der Regierung ze sinn. Dat sot d'Nora Back, d'Presidentin vun der Chambre des salariés war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. D'CSL fuerdert e konkreten Aktiounsplang, fir géint déi Inegalitéite virzegoen. Do misst een usetze beim Kannergeld a bei de Prestations familiales. Ma och bei de Léin, bei der Kafkraaft, souwéi beim Mindestloun, dee misst erhéicht ginn, beim Kollektivvertragsgesetz, dat misst reforméiert ginn an an natierlech méi gerecht Steieren.

Verpasste Chancen am Logement

Fir d'Inegalitéiten ze bekämpfen, misst een awer och beim Logement usetzen. Déi eng géinge sech gëllen Nuese verdéngen an déi aner géinge sech verschëlde bis un d'Enn vun hirem Liewen. Dat wier eng Ongerechtegkeet per se, sou d'Nora Back. D'Regierung hätt et verpasst op 3 Haaptpunkten Akzenter ze setzen. Et wier keen abordabele Wunnraum geschaaft ginn. Et wier näischt géint d'Explosioun vun de Loyerspräisser gemaach ginn an drëttens hätt een näischt géint d'Spekulatioun gemaach. A mat der Reform vun der Grondsteier hätt d'Regierung de Spekulante souguer nach e Kaddo gemaach, mat deenen, déi sech nach 10-15 Joer kéinten Zäit ginn a weider spekuléieren.

Ongerechtegkeet klëmmt

Zanter Jore géing een ëmmer nees op d'Steierongerechtegkeeten opmierksam maachen. Virop, dass d'Betriber ëmmer manner an d'Aarbecht ëmmer méi besteiert gëtt. Dann awer och déi "ridicule Besteierung vum Patrimoine", d'Kapitalerträg, déi net méi besteiert ginn an d'Ongerechtegkeeten am Barème selwer, kritiséiert d'Presidentin vun der CSL. An elo hätt een d'Geleeënheet, grad am Waljoer, fir nach Drock ze maache mat Avisen, zum Beispill vum Budget, Gesetzesinitiativen an iwwer Aktivitéite wéi Konferenzen a Plattformen, fir am politeschen Debat matzewierken.

CSL fuerdert Aarbechtszäitreduktioun

Eng generell Aarbechtszäitreduktioun bei vollem Lounausgläich. Dat ass eng weider Fuerderung vun der CSL. De Besoin wier grouss, dat géing een an de sëllegen Enquête  gesinn. Grad well d'Aarbecht ëmmer méi intensiv gëtt an d'Leit dowéinst och ëmmer méi dacks mat psychosomatesche Krankheeten ze kämpfen hätten.

Detailer missten awer debattéiert, da gesetzlech festgehalen an iwwer Kollektivverträg ëmgesat ginn. Et kéint ee sech net einfach zum Beispill fir eng 32-Stonne-Woch ausschwätzen. Dat misst ee jee no Secteur a jee no Entreprise kucken. Bei deenen enge géing manner am Dag, bei den anere manner an der Woch a bei nach anere manner am Mount geschafft ginn, sou d'Nora Back.

D'Chambre des salariés géif iwwregens och d'Pensionären, d'Apprentien an d'Chômeure vertrieden. Dofir wier een och déi gréisst gewielten Institutioun mat potentiell iwwer 600.000 Wieler. D'Suergen a Frankräich géif ee verstoen, ma zu Lëtzebuerg hätte mer e gudde Rentesystem, un deem sollt net gefréckelt ginn. Och all d'Previsioune vun der Rentemauer wieren ëmmer falsch gewiescht, sou d'Nora Back.

Invité Redaktioun - Nora Back

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.