En Dënschdeg de Moie hu mer an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" iwwert d'Entwécklung vun der Ekonomie geschwat.

Et gëtt Zäit, déi geopolitesch Entwécklunge méi eescht ze huelen, esou den Direkter vum Statec en Dënschdeg de Moien hei op RTL. De Serge Allegrezza huet vun ongewëssen Zäite geschwat an et kéint nach ganz vill passéieren, besonnesch am Wanter. Jee nodeem wat Russland a China maachen oder nach wéi d’Zentralbanken hir Zënspolitik festleeën, alles dat hätt en Afloss op déi wirtschaftlech Performance och hei am Land, an op déi ëffentlech Finanzen.

Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza

Et ass eben eng Fro vun Zenario. An de Statec, wéi och säin Direkter Serge Allegrezza, rechnen aktuell mat enger méi schwaacher Reprise dëst an d’nächst Joer, wéi bis elo erhofft. Eng Rei Indicateuren – d’Hausse vun de Faillitten, vum Chômage a vun den Depoten, genee wéi d’Baisse vum private Konsum – géinge scho weisen, datt d’Kris och hei ukomm wier.

De Statec gesäit elo ëm 2 Prozent Croissance fir dëst Joer vir - liicht manner, ewéi d’Previsiounen aus dem Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm, deen d’Finanzministesch Yuriko Backes d’lescht Woch an der Chamber presentéiert huet. Dat wier dorobber zeréckzeféieren, datt d’Welt an d’Zuelen "an engem Stéck" géingen evoluéieren, deelweis vun Dag zu Dag, sou de Serge Allegrezza. Jee no Zenario wier effektiv och net auszeschléissen, datt d’Staatsschold iwwert d’30 Prozent vum PIB klëmmt, also iwwert d’Limitt, déi d’aktuell Regierung sech gesat huet. Den Direkter vum Statec huet awer betount, datt am Dokument vun der Finanzministesch all déi "Alternativen" virgesi sinn.

Ass et an dësen aktuell ongewëssen Zäiten de richtege Moment, fir iwwert eng Aarbechtszäitverkierzung ze schwätzen? De Serge Allegrezza wollt sech net dofir oder dogéint ausschwätzen, mee well et net genuch Informatioune géing ginn, fir eng nuancéiert Debatt ze féieren, misst een a sengen Ae vläicht eng Paus maachen, méi aktuell Donnéeë sammelen a nei Projektiounen ausrechnen. De Statec géing zur Verfügung stoen, sou säin Direkter. Hie géing awer scho feststellen, datt d'Aarbechtszäit historesch ëmmer nees erofgaange wier, well d'Produktivitéit an d'Luucht goung. Anerersäits géingen awer zu Lëtzebuerg scho manner Stonnen d'Joer geschafft ginn, ewéi a villen aneren europäesche Länner.

De Serge Allegrezza ass och eng Reaktioun gefrot ginn op d’Kritik vun de Gewerkschaften un d’Adress vum Statec. OGBL, LCGB a CGFP haten e wirtschaftleche Seminär boykottéiert, well d’Gewiicht vun de Gewerkschaften do kleng geriet gi wier an de nationale Statistik-Institut politesch gesteiert wier. Mir sinn am "Zäitalter vum Complotismus", sou den Direkter vum Statec. De Serge Allegrezza um Beispill vun enger Publikatioun iwwert d’Lounënnerscheeder tëscht Fra a Mann higewisen, wou de Statec kritiséiert gi wier, obwuel an der Publikatioun souwuel positiv ewéi negativ Indicateuren dra stinn.

Invité vun der Redaktioun: Serge Allegrezza

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.