Et wier ëmmer méi dacks esou, dass de Profil vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen, net de Profiller entsprécht, déi d'Betriber brauchen.

Dat sot d'Direktesch vun der Adem, d’Isabelle Schlesser e Mëttwoch de Moien hei op RTL. D'Zuele confirméieren de Problem: Enn Abrëll waren eng 10.000 oppe Plaze bei der Adem gemellt, iwwerdeems 15.000 Leit op der Sich no enger fester Plaz sinn.

Hautzedaags wier et der Direktesch vun der Adem no bal inevitabel an och keen Drama, wa Leit puer Méint am Chômage sinn. Schwiereg ass et fir Leit, déi laang ouni Aarbecht sinn, mä glécklecherweis géing déi Zuel erofgoen, sou d’Isabelle Schlesser. E Problem wier awer de "Skills Gap", dee géing zouhuelen. Betriber hätte besonnesch Schwieregkeete, fir héichqualifizéiert Leit ze fannen. Sief et Informatiker, Comptabelen a Geostationären. Mä och am Handwierk oder am Bausecteur géinge Betriber no Leit sichen. Bei der Sich no verschiddene Leit géing et iwwerdeems effektiv Konkurrenz ginn tëscht dem Staat an dem Privatsecteur.

Well den Aarbechtsmarché "enorm" géing wuessen, kéint et iwwerdeems an den Ae vun der Isabelle Schlesser "mathematesch" ni opgoen, fir eleng mat Leit, déi hei am Land gebuer sinn oder hei d'Schoul gemaach hunn, all d’Aarbechtsplazen ze besetzen. Dowéinst bräicht ee Leit aus dem Ausland. Allerdéngs riskéieren aktuell Leit aus der Groussregioun léiwer an hirem eegene Land ze schaffen ewéi Frontalier ze ginn. Dat well d’Zuel un Deeg, déi dës Leit kënne vun doheem aus schaffen, limitéiert ass. Lëtzebuerg wier der Direktesch vun der Adem no awer nach ëmmer ganz attraktiv, fir Leit unzelackelen. Fakt wier awer och, datt déi deier Wunnengen der Attraktivitéit schueden. Bei der Sich no Leit am Ausland wier d'éischt Fro vun dëse Leit dacks, wéi héich de Standard-Loyer wier, sou d’Isabelle Schlesser.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.