Sech opreegen, Politiker uschwätzen oder sech engagéieren: dat hunn ech gemaach
En Donneschdeg de Moie war d'Familljepolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Ech hu relativ séier gesinn, dass wann ee Saache gesäit, déi een opreegen, een 3 Saache ka maachen: sech opreegen, Politiker uschwätzen oder sech selwer asetzen an dat hunn ech gemaach. Dat sot de geschwënn neie Familljeminister Max Hahn en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun iwwert de Start vu senger politescher Karriär. Hien ass 42 Joer al, zanter 18 Joer Member an der DP, zanter 10 Joer an der Chamber an zanter 5 Joer President vun der Familljekommissioun an der Chamber.
Wie réckelt no?
Fir de Max Hahn wäert aller *Warscheinlechkeet no do d'Entrepreneur a Foraine Barbara Agostino an d'Chamber noréckelen. Si war 2018 déi 7. Gewielt op der Südlëscht vun der DP. Den DP-Politiker sot, hie géing ganz staark dovunner ausgoen, well d'Barbara Agostino engagéiert wier a mat an d'Politik géing goen, fir dann och Responsabilitéit z‘iwwerhuelen.
Als Successeur fir säi Posten an der Familljekommissioun kéim den DP-Deputéierte Claude Lamberty a Fro. Et wier Usus, dass de President aus der Partei kënnt vum zoustännege Minister. Am Endeffekt géing dat awer d‘Chamberkommissioun decidéieren, sou de Max Hahn.
*Am Laf vum Donneschdegmoien huet d'Barbara Agostino RTL géigeniwwer confirméiert, datt si fir de Süddeputéierte Max Hahn an der Chamber noréckele wäert.
Kritik um Zäitpunkt vum Regierungswiessel
Et gëtt sëllege Kritik um Zäitpunkt vum Regierungswiessel. Éischtens bleift net méi vill Zäit, fir nach eppes ëmzerappen. Zweetens huet et ee finanziellen Impakt mat Ministerpaie vu ronn 20.000 Euro, déi och nach 3 Méint nom Enn vum Mandat an duerno weider degressiv bezuelt gëtt. An drëttens hätte sech aner Ministeren dës Charge kënnen opdeelen.
Fir de Max Hahn ass et awer kloer, dass fréistens am Dezember eng nei Regierung wäert stoen. Et kéint een dëse wichtege Ministère allerdéngs net een halleft Joer laang "féierungslos" loossen, well nach ganz vill Projeten an der Pipeline wieren, déi misste gestëmmt ginn. Aner Ministeren hätten och genuch Aarbecht a kéinten net niewebäi nach e Familljeministère geréieren a just Ënnerschrëfte maachen. Och d'Argument, dass et jo héich Beamte ginn, déi dat kéinte geréieren, léisst de Max Hahn net gëllen. Dofir géinge gewielte Vertrieder un der Spëtzt vun den Institutioune stoen, fir politesch Responsabilitéit z'iwwerhuelen, soss bräicht et jo keng Politiker, Deputéiert oder Buergermeeschteren, mee just héich Beamten.
Wat soll en neie Minister a 4 Méint nach ëmrappen?
Dat wier eng berechtegt Fro, allerdéngs wieren nach vill wichteg Projeten an der Pipeline, déi missten duerch d'Chamber bruecht ginn, sou den Invité. Dorënner notamment eng Häerzensugeleeënheet fir den neie Minister, nämlech d'Gesetz iwwer e bessert Zesummeliewen. Donieft stéingen nach de Gesetzprojet fir d'Qualitéitscritèren an d'Präis-Transparenz an den Alters- a Fleegeheemer op der Lee an och d'Finanzéierungsgesetz vun engem Fleegeheem zu Rëmeleng.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.