ADR verlooss: "Hätt eigentlech solle viru Méint schonn déi Decisioun huelen"
De Roy Reding huet en Donneschdeg de Moien um RTL-Mikro géint eng Rei ADR-Memberen ausgedeelt.
Den Deputéierten huet d’lescht Woch d’ADR verlooss, well d’Partei hien net méi wollt am Zentrum mat an d’Chamberwalen huelen. D’ADR sot dat wier dorobber zeréckzeféieren, datt de Roy Reding ze vill gefeelt hätt. "E Virwand", sou den elo onofhängegen Deputéierten. Zanter Méint géing et bei der ADR e "grousse Konflikt" am Bezierk Zentrum ginn an hie wier net den eenzegen deen "erausgedréckt" gi wier. Dat wier och beim Béatrice Clement an dem Mario Daubenfeld de Fall gewiescht.
Datt d’ADR hien net méi mat an d’Wale wollt huelen, wier dorobber zeréckzeféieren, datt d’ADR-Politiker Alex Penning, Tom Weidig an Nicky Stoffel sech wéilte Sëtz an der Chamber ënnert den Nol rappen. (*) Donieft wier et en Discours, dee sech radikaliséiert hätt, zanter den "Nee2015 / Wee2050" vum Fred Keup bei der ADR dobäi ass. Wat déi géinge soen, hätt "kee Kapp a kee Schwanz" an de Widderstand géint de Wuesstem oder Aussoen ewéi "Lëtzebuerg soll manner attraktiv sinn", wieren "absurd". De Roy Reding huet gefrot, wéi ee soll manner attraktiv sinn a gläichzäiteg de Sozialsystem finanzéieren. Lëtzebuerg wier op d’Finanzplaz a Leit aus dem Ausland ugewisen.
Vill Divergenzen also. Mä wier de Roy Reding awer nach mat der ADR an d’Wale gaangen, wann hien eng Plaz kritt hätt? "Ech muss ee meaculpa maachen: ech hätt eigentlech solle viru Méint schonn déi Decisioun huelen, déi ech elo geholl hunn", sou de Roy Reding. Hie war en Donneschdeg och averstanen, datt et legitim wier, datt d’ADR hiren Deputéierte-Mandat elo zeréckfreet. Hie gëtt en awer net zeréck, dat well seng Persoun a sengen Aen awer op d’mannst e bëssen dozou bäigedroen hätt, datt d’ADR dee Sëtz iwwerhaapt krut. Nodeems Fokus an hie selwer sech Eens wieren, datt et net géing harmonéieren, wollt de Roy Reding net soen, ob hie bei anere Parteie géing uklappen. Spekulatioune géing hien aneren iwwerloossen. Hie wier kee Politiker mee wéilt géint Ëmstänn virgoen an Inhalter veränneren.
Datt hie vill an der Chamber gefeelt hätt, wier dem Roy Reding no objektiv richteg. A sengen Ae géing Politik awer net just an der Plenière gemaach ginn, mä och an de Chamberkommissiounen oder nach am Dialog mat de Leit um Terrain. Hien huet och behaapt, datt vill Deputéiert ëmmer an der Plenière wieren, well se éischtens "soss näischt ze dinn" hätten a well et Jetone ginn wann een net méi ewéi ee Vott verpasst. "Jo ech ginn zou, dat war mir ëmmer relativ egal", sou de Roy Reding. Hien huet och bedauert, datt et net méi Salariéen, Geschäftsleit, Baueren an Independanten an der Chamber ginn. Déi géingen en anere Bléck op d’Realitéit vum Liewe geheien.
*Nom Interview huet de Roy Reding ons iwweregens nach gesot, datt hien awer vun der ADR eng Plaz op der Ost-Lëscht ugebuede krut.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.