D'Stad "maximal begréngen"
D'DP an d'CSV hätten an der Stad Lëtzebuerg déi lescht Jore bewisen, datt een net onbedéngt déi Gréng bräicht fir d’Nohaltegkeet.
Dat sot op jidder Fall den 1. Schäffen an der Stad de Serge Wilmes vun der CSV en Donneschdeg de Moien um RTL-Mikro. Hien huet vu sëllege Projete geschwat, wou vill Gréngs amenagéiert gi wier an 1.600 Beem, déi geplanzt gi wieren.
Datt zum Beispill um Knuedler kaum Gréngs ass, hätt domat ze dinn, datt dat scho virun 10 Joer vun DP an déi Gréng esou geplangt gi war. Wéinst dem Parking wier eng Dalle ënnert dem Knuedler, déi et net géing erméiglechen, Beem ze planzen. Datt de Rousegäertche gréng ass, obwuel do och e Parking ass, hätt domat ze dinn, dass de Knuedler och eng Maartplaz wier. Am Interview konnt ee kloer gesinn, datt de Serge Wilmes net zefridden iwwert dat alles ass. Hie sot, et géing direkt e Konzept ausgeschafft ginn, fir ze kucken, d'ganz Stad "maximal ze begréngen". Hien huet awer och zouginn, datt fir méi Beem och méi Entretien a méi Moyenen néideg sinn.
Dem Serge Wilmes no wier d'Liewensqualitéit an der Stad ënnert dem Stréch gutt, och wann natierlech Defien ustoe géifen. Bei der Presentatioun vun der Schäfferotserklärung fir d'Stad e Méindeg, huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer – e bëssen iwwerraschend – den Accent kloer op d'Klima- an Energietransitioun gesat. Dës wiere néideg, fir d’Liewensqualitéit z’erhalen, déi héich wier. De Serge Wilmes huet dat en Donneschdeg och esou gesinn an huet awer och d’Defien an de Beräicher Transport, Logement a Sécherheet genannt.
Den aktuelle generelle Bebauungsplang, de PAG, erméiglecht 180.000 Awunner an der Stad, also ronn 45.000 méi wéi haut. Den CSV-Schäffen rechent domadder, datt d'Populatioun vun der Stad bannent den nächste 6 Joer op 150.000 wiisst. Wichteg wier dofir d'Entwécklung vun de Quartieren, wou een d’nächst Joer e grousse participative Prozess wäert lancéieren, fir och d’Bierger ze froen, wéi si sech déi Entwécklung wënschen a virstellen.
D'Thema Sécherheet, dat esouvill an der Walcampagne thematiséiert gi war, hat just 3 Minutten Plaz an der 2-Stonne laanger Presentatioun vun der Schäfferotserklärung. De Serge Wilmes wollt et net esou gesinn, ewéi wann d'Medien ausgetrickst gi wieren. D'Fuerderungen no enger Gemengepolice, engem richtege Platzverweis an no méi Video-Iwwerwaachung gëllen nach ëmmer, mä dofir bräicht een eng nei Regierung, sou den CSV-Schäffen, Deputéierten a Kandidat bei de Chamberwalen. Dat selwecht gëllt fir eng Päerd-Unitéit bei der Police, eng Fuerderung, bei där hien och de Moie bliwwen ass.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.