En Donneschdeg de Moie war de Walprogramm vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Kommunistesch Partei Lëtzebuerg huet als Zil, rëm e Sëtz an der Chamber ze kréien. Nëmmen esou kréich een och déi néideg Tribün, fir seng Iddien duerzeleeën, sou den Ali Ruckert, President vun der KPL en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Firwat sech net mat déi Lénk zesummendoen, déi jo ëmmerhin 2 Sëtz an der Chamber hunn? Dat wier net esou einfach, well ee programmatesch ze ënnerschiddlech wier. D'KPL, déi trëtt "ganz konsequent" dofir an, fir den aktuelle kapitalistesche System "z’iwwerwannen". An hirem Walprogramm, deen Enn vum Mount guttgeheescht soll ginn, wier d'Haaptfuerderung d'Stäerke vun der Kafkraaft vun de schaffende Leit a vun de Rentner.

Den Ali Ruckert huet Zuele vum Statec an deem Zesummenhang a Fro gestallt. Den nationale Statistik-Institut huet am Februar geschriwwen, datt notamment duerch d'Mesurë vun den Tripartitten d'Kafkraaft vun de méi bescheidene Stéit geklommen ass, iwwerdeems déi vun de Stéit, déi méi wuel dru sinn, gebremst gouf. Den Ali Ruckert sot ëmmer méi Leit géingen net iwwert d'Ronne kommen, ënnert anerem well de Steierbarème net méi automatesch un d'Inflatioun ugepasst gëtt a well den Index manipuléiert gouf. Et wier schrecklech, datt et an engem räiche Land wéi Lëtzebuerg souvill Aarmut géing ginn.

D'KPL hält un hirer Fuerderung fest, fir de Mindestloun ëm 20% an d'Luucht ze setzen an huet ofgestridden, datt Betriber doduerch kéinte Schwieregkeete kréien. Betriber sollen Zuele weisen, wann dat géing stëmmen, sou den Ali Ruckert. A sengen Aen géing de gréissten Deel vun de Profitter un d'Aktionäre goen an net un déi schaffend Leit. 2/3 vun de Steierrecettë géingen och vun de schaffende Leit kommen an d'Kapital géing wéinst Decisioune vun de leschte Regierunge manner besteiert ginn ewéi virun 20 Joer.

Punkto Logement wier et noutwenneg, datt de Staat bannent den nächsten 10 Joer 50.000 Logementer baut. Fir hie wier et "absolut kee Problem", wa Leit, déi hiert Liewe laang haart dofir geschafft hunn, sech eng zweet Wunneng kafen. Hien huet awer mam Fanger op "grouss Spekulanten" gewisen, déi Honnerte Wunnengen hunn oder eidel stoen hunn. Hie selwer huet uginn, eng Wunneng ze hunn, déi hie viru 40 Joer mat senger "klenger Pai" kaf huet, "ewéi Wunnengen nach bëlleg waren". Selwer keng zweet Wunneng? "Nee, keng zweet Wunneng, kee Weekendhaischen, näischt, nee", sou den Ali Ruckert.

Invité vun der Redaktioun: Ali Ruckert

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.