E Freideg de Moie war ënnert anerem Policegewalt en Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

2 vun de 4 Polizisten, déi wéinst presuméierter Policegewalt um Büro op der Stater Gare an Untersuchungshaft sinn, kéinte geschwë provisoresch op fräie Fouss kommen. D’Enquêtë vum Parquet a vun der Generalinspektioun vun der Police, der IGP, lafe weider. Et gëllt wéi gewinnt d’Présomption d’innocence. De Policeminister Henri Kox huet e Freideg de Moien hei op RTL aus Respekt virun der Instruktioun, déi amgaang ass, keng wieder Informatiounen zur Affär ginn. Hie géing awer och hoffen, datt d’Affär séier opgekläert gëtt an hie wéilt d’Police esou opstellen, datt et net méi zu esou Affäre kënnt.

Elo scho wëll hie Léieren aus der Affär zéien an hien hätt dowéinst schonn een Aarbechtsgrupp an d’Liewe geruff, fir ze kucken, wéi een d’Kommissariater jee no Situatioun méi resilient kéint maachen. Et bräicht zum Beispill genuch Beamten an e gesonde Mix tëscht erfuerenen a jonke Polizisten, sou de Policeminister, deen nach emol deklaréiert huet, datt hie vill méi géing rekrutéieren, ewéi de leschten CSV-Policeminister Halsdorf et bis 2013 gemaach hätt.

Op d’grouss Botz vun der IGP um Policebüro op der Gare ugeschwat, iwwert déi d‘Dageszeitung "Le Quotidien" virun enger Woch geschriwwen hat oder vun engem informelle Punktesystem op deem Büro, wou jonk Rekrutte sech misste beweisen, doriwwer wéisst hien näischt, sou den Henri Kox. Datt e puer Policebeamten hir Waff ofginn hunn, dat wier iwwerdeems a sengen Aen net aus Frust oder Protest geschitt. Fir den Henri Kox géing et ëm de Bien-être vun de Poliziste goen, deen d‘Generaldirektioun vun der Police an hie selwer wéilte garantéieren.

Wat wichteg wier, wier datt et e Rechtssystem gëtt. D‘Aggressiounen an der Gesellschaft hätten dem Policeminister no effektiv zougeholl an dee Problem wéilt hien ugoen. Et hätt een engersäits natierlech Mënscherechter an déi misst ee respektéieren an dat géing an der Policeschoul vermëttelt ginn. Anerersäits hätt hie wéi gesot méi rekrutéiert, mee d’Beamten hätten nei Moyene kritt ewéi zum Beispill Bodycams, sou den Henri Kox.

Invité vun der Redaktioun: Henri Kox

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.