Ze vill Wëld an de Bëscher - Et muss méi geschoss ginn
En Dënschdeg de Moie waren d'Klappjuegten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Wëldbestand zu Lëtzebuerg ass ze héich, virop bei Wëllschwäin a Réi. Dat ass keen neie Phenomen, queesch duerch d'EU géing een dat gesinn. Et géif virop u Predateure feele wéi dem Luchs oder dem Wollef. Ma och duerch de Klimawandel, also déi méi mëll Wanteren, géinge manner Déiere stierwen. Dat sot de Laurent Schley en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
Den Directeur adjoint vun der Natur- a Bëschverwaltung ass selwer kee Jeeër, mee erkläert, dass awer dofir méi misst geschoss ginn. Virop d'Rei an d'Routhirsche wieren nämlech problematesch, well si d'Jongplanze friessen an och al Planzen ufriessen an d'Natur-Verjéngung vum Bësch doduerch quasi net méi geschitt.
Vu wéi vill Wëld schwätze mer dann eigentlech?
Et wier ganz schwéier de Wëld-Bestand ze chiffréieren an immens opwänneg. Dofir géing ee sech zum Beispill op Ofschoss-Zuele baséieren.
Fir d'Joer 2022/23 (d'Juegd-Joer geet vum 1. Abrëll bis den 31. Mäerz) wiere 6.700 Réi geschoss ginn, 6.200 Wëllschwäin a 400 Hirschen. Dat géif awer net duergoen, fir de Wëldbestand signifikativ ze reduzéieren. Et géingen natierlech och aner Méiglechkeete gi wéi d'Juegd, allerdéngs wier zum Beispill de Retour vu Predateure wéi dem Wollef keng Wonnerléisung vun haut op muer.
Et bräicht ee fir d'éischt mol e Ruddel, dee sech installéiert an net just eenzel Déieren. An der Schwäiz géing een zum Beispill eréischt no e puer Joer een Effekt gesinn, dass d'Jongbëscher besser wuessen.
Klappjuegd ass am Effikassten
D'Densitéite vum Wëld an eise Bëscher muss also erofgoen an d'Natur- a Bëschverwaltung géing Virgabe ginn, wat minimal muss geschoss ginn. Den effikasste Wee, fir bannent engem Dag vill Wëld ze schéissen, ass d'Klappjuegd, respektiv d‘Beweegungsjuegd, erkläert de Laurent Schley. Wann een alles misst vum Hochsitz aus schéissen, misst quasi all Jeeër, all Dag vum Joer, am Bësch sinn. A grad beim sougenannten "Usëtzen" géing een dacks näischt schéissen.
Fir nach méi ze schéissen, misst een driwwer nodenke fir bei der Klappjuegd op Wëllschwäin, déi méi laang leeft wéi déi aner (bis Enn Januar), och dierfe Réi ze schéissen. Schliisslech géing een déi den Ament jo och mat stéieren. Dat wier bis ewell net erlaabt, mee do wier een um diskutéieren, sou den Invité.
Ass d'Klappjuegd wierklech schlecht fir d'Déieren?
Kritiker vun der Klappjuegd soen d'Déiere géinge extrem gehetzt ginn. De Laurent Schley nuancéiert awer. Fir d‘Wëld wier et och eng normal Situatioun, fir mol gestresst ze sinn. Dat wier och bei natierlechen Predateuren de Fall, wann d'Déier muss fortlafen. Et ginn awer och Alternativen an et misst een an Zukunft d'Juegdmethoden dem Terrain upassen. D'Naturverwaltung géing zum Beispill op hirer Staatsjuegd am Gréngewald ëmmer manner op "klappen" setzen, well grad beim Réi oder beim Hirsch, misst een net vill Kaméidi maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.