"Mir brauchen nei Konzepter, net méi alles an de Spideeler konzentréieren"
E Mëttwoch de Moie war d'Gesondheetspolitik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
15 Joer ouni konkret Léisunge fir substantiell Problemer, déi sech am Gesondheetssystem ëmmer méi optiermen. Dat ass d'Kritik vum President vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD.
Situatioun an den Urgencen a bei de Spezialiste gëtt ëmmer méi uerg
Et wier ëmmer nees iwwer IRMe geschwat ginn, dobäi wier dat just e klengen Deel vum gesamte Bild. An den Urgencen a fir bei de Spezialiste bäizekommen, géif d'Situatioun ëmmer méi schlëmm ginn. Mir bräichten nei Initiativen an nei Konzepter, an net méi alles an de Spideeler konzentréieren. E Gesamtkonzept wier zum Beispill an der Digitalisatioun néideg, seet den Dr Schmit, an net eenzel Puzzelstécker wéi de PID, de Paiement immédiat direkt, wou een als Patient just nach säin Deel vun der Rechnung muss bezuelen. Nëmmen e puer Generalisten hunn dee System bis ewell bei sech installéiert. Am Dezember waren et der 15 vu 523. D'AMMD hätt dofir eng Software entwéckelt op Basis vun engem politeschen Accord. Déi géing awer elo an d'Eidelt lafe gelooss ginn, dat kéint een net verstoen, sou den Invité. Mat der neier Gesondheetsministesch géif een elo verhandelen.
Méi Servicer baussent de Spideeler
Mam Begrëff vun der Liberaliséierung kann ech wéineg ufänken, sou den Dr Schmit. Et géing drëms goen, de Patienten de beschten Accès op déi medezinesch Versuergung ze ginn. Schonn haut wier et fir vill Generaliste schwéier fir Rendez-vouse fir hir Patiente bei Spezialisten ze kréien. Dat géing besser ginn, wann een am Extrahospitalier méi Offer hätt. Datt et no der Affär Potaschbierg un Enthusiasmus bei den Doktere géing feelen, wier no där "Flëntenhochzäit", also Zwangsbestietnes, net verwonnerlech, kritiséiert den AMMD-President. Dat dierft net als Signal gedeit ginn, datt Dokteren net méi liberal wéilte schaffen, sou de President vun der AMMD.
Verurteelten Zänndokter vu Bartreng: Politik huet net agegraff
Op de franséischen Zänndokter vu Bartreng ugeschwat, deen elo eréischt e Beruffsverbuet krut an 10 Joer laang Patiente schlecht behandelt huet a sech dobäi eng gëllen Nues verdéngt huet, huet den Dr Schmit sech schockéiert gewisen. Spéitstens 2016 wär dem Ministère bekannt gewiescht, datt den Dokter Falschaussoe gemaach huet an e Riiseproblem wier, sou den AMMD-President. Deemools hätt d'Politik missen duerchgräifen, mä dat wär net geschitt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.