E Freideg de Moie waren déi europäesch Finanzservicer Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Den Nicolas Mackel ass nach CEO vun der Promotiounsagence vun der Finanzplaz "Luxembourg for Finance", mee gëtt den 1. September neie Lëtzebuerger Ambassadeur bei den EU-Institutiounen zu Bréissel. Hie sot e Freideg de Moien hei op RTL, hien an d'Beamten, déi hien a puer Méint wäert leeden, sech op vill Aarbecht mussen astellen. Wéinst de ville Sujeten, déi op EU-Niveau traitéiert ginn, mee och der Lëtzebuerger Presidence vun der EU am Joer 2029, déi elo scho misst preparéiert ginn. Den Nicolas Mackel huet dann awer och op Kritik u senger Nominatioun reagéiert.

Kaum war bekannt, datt den Nicolas Mackel d'Sylvie Lucas un der Spëtzt vun der "Représentation permanente du Luxembourg auprès de l’Union européenne" ersetzt, a scho sot den LSAP-Deputéierte Franz Fayot am Wort, datt déi nei Regierung sech op EU-Niveau wéilt op d'Interessie vun der Finanzplaz konzentréieren. De Piraten-Deputéierte Sven Clement huet och op RTL Télé fonnt, datt d'CSV an d'DP generell elo géinge Kolleege vum Patronat op héich Poste promouvéieren. Den Nicolas Mackel huet drun erënnert, vu wou hie kéim: hien ass vu Beruff Diplomat a war 25 Joer laang Staatsbeamten. Weider huet hie gelaacht: "Wann elo déi do zwee oder anerer d'Impressioun hunn, datt ech aus dem Finanzsecteur kéim, dann (...) kann ech dat nëmmen als Kompliment huelen, fir d'Aart a Weis ewéi ech meng Aarbecht gemaach hunn."

Interessien a Valeuren

Als CEO vu Luxembourg for Finance wier hien och kee "Lobbyist" gewiescht, deen Interessie vun engem Secteur bei Decideure vertrëtt. Seng Aarbecht wier et gewiescht, nei Aktivitéiten op Lëtzebuerg unzezéien. Een, deen elo géing mengen, hie géing zu Bréissel elo Interessie vun der Finanzplaz verdeedegen, dee soll nach emol de Background mam Jean-Claude Juncker hei op RTL lauschteren. De fréiere Premier sot hei, datt en Ambassadeur dem Premier "follegt". Den Nicolas Mackel huet et esou ausgedréckt: en Ambassadeur ass "de Vertrieder vun enger Regierung". E géing eng Politik vertrieden, esou wéi déi Regierung se definéiert.

Déi nei CSV-DP-Regierung wëll d'Finanzplaz méi attraktiv maachen an op d'Remark, datt hien als Chef vun LFF an de "Krom" passt, huet den Nicolas Mackel geäntwert: "Ass eppes dorunner falsch, wann eng Regierung seet 'mir wëllen eis Ekonomie méi attraktiv maachen'?"

Lëtzebuerg lieft vun deene Suen, déi d'Ekonomie generéiert, esou den zukünftegen Ambassadeur bei der EU. Donieft géing och all Land seng Interessie verdeedegen. Am selwechten Otemzuch huet hien awer och op de Koalitiounsaccord higewisen, wou drasteet, datt d'Diplomatie fir d'Interessien an d'Valeure vum Land géing asetzen. Hien huet och rappelléiert, datt den internationale Kader sech zanter 10 Joer "komplett" geännert hätt – och a puncto Steieren. A Lëtzebuerg géing probéieren, seng Finanzplaz an deem Kader attraktiv ze maachen.

"Konkurrenz schléift ni"

Allgemeng hätt Europa u Kompetitivitéit verluer, esou den nach-CEO vun LFF. An enger Etüd vum Think Tank "OMFIF"  no hätt d'EU iwwer 15 Joer däitlech un Terrain géintiwwer den USA virun allem verluer. D'europäesch Institutioune wiere sech a sengen Aen "däers bewosst" an hien huet op Rapporten a Recommandatiounen higewisen, déi d'EU-Kommissioun an Optrag ginn huet. (Engersäits vum fréiere Chef vun der europäescher Zentralbank Mario Draghi, anerersäits vum fréieren italieenesche Premier Enrico Letta). Lëtzebuerg wier natierlech Deel vun Europa an dem Nicolas Mackel no misst een einfach festhalen, datt d'Konkurrenz "ni schléift". Dowéinst misst ee "Villes beweegen", wann een eleng wéilt do bleiwen, wou een ass.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.