En Engagement fir weider Steiererliichterungen
En Donneschdeg de Moie war de Budget Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi nächst Jore ginn et weider steierlech Entlaaschtunge fir d'Betriber, fir d'Steierklass 1A, mee och allgemeng fir jiddereen. De Finanzminister Gilles Roth huet sech den Donneschdeg de Moien hei op RTL engagéiert, d'Engagementer aus der Walcampagne an aus dem Koalitiounsaccord ëmzesetzen.
Nodeems dëst Joer schonn de Steierbarème u 4 Indextranchen ugepasst gouf, géing deenen Indextranchë vun de leschte Jore Rechnung gedroe ginn. Dat gëllt och fir de Fall, wou ewéi virausgesot dëst Joer nach eng Tranche erfält, esou de Gilles Roth: "da kann et net sinn, datt mir näischt maachen, well soss géingen d'Leit rëm méi Steiere bezuelen". Hien huet un d'Engagement - "Méi Netto vum Brutto" - aus der Walcampagne erënnert. Donieft solle vun nächstem Joer u weider geziilten Entlaaschtunge fir Wittleit, Pensionéierter an elengerzéiend Leit kommen.
De Finanzminister huet och verséchert, datt d'Preparatioune vun enger grousser Steierreform virbereet ginn. Den Avant-Projet géing mat der Chamber zesumme bis 2026 ausgeschafft ginn. D'Zil ass jo eng generell Individualiséierung - an anere Wieder, datt et just nach eng Steierklass gëtt, egal ewéi d'Familljesituatioun ass.
Och d'Reduktioun vun der Betribssteier géing konsequent duerchgezu ginn, esou ewéi de Koalitiounsaccord et virgesäit. An engem éischte Schrëtt geet déi Steier d'nächst Joer ëm 1% erof. Well et d'Zil wier, op d'Moyenne vun der OECD ze kommen (20%), géinge weider Reduktioune kommen.
"Kleinvieh macht auch Mist"
Duerch méi niddreg Steieren erhofft sech d'CSV-DP-Regierung méi Aktivitéit an doduerch méi Recetten. Trotzdeem huet de Gilles Roth jo och scho beim Depot vum Budgetsprojet fir dëst Joer e Mëttwoch an der Chamber och Spuermesurë confirméiert, déi sech och iwwert d'Jore wäerten zéien. Déi Mesurë sollen awer weder op Käschte vun der Kafkraaft, nach op Käschte vun der Wirtschaft goen. Bleift also: beim Staat spueren.
Op d'Remark, datt d'Fonctionnementskäschte beim Staat just 8% vun den Ausgabe vum Zentralstaat ausmaachen a wéineg Spuerpotential do wier, huet de Finanzminister geäntwert: "Kleinvieh macht auch Mist". Wéi e Mëttwoch op der Tëlee huet de Finanzminister den Donneschdeg de Moien um Radio erkläert, datt all déi eenzel Ministèren Efforte gemaach hunn, fir dass op den eenzele Budgetsposten d'Käschten net méi ewéi déi Jore virdrun ëm 10% klammen, mee deels souguer erofginn.
De Gilles Roth huet och widderholl, datt de Staat déi nächst Joren och manner Sue fir Gebaier géing ausginn, déi ee misst kafen oder lounen. Donieft huet hie widderholl, datt d'Zuel vun Neiastellunge beim Staat zwar géing héich bleiwen, mee net méi wäert esou staark klammen ewéi d'Jore virdrun. Dem Finanzminister no géing een och net riskéieren, datt et u Leit bei Administratioune feelt. Natierlech bräicht e Staat méi Leit, wann en nei Aufgabe kritt, mee et misst een déi Leit "méi optimal" asetzen, esou de Gilles Roth.
Mamer-Schold
Déi éischt Spuermesuren hätten och dozou bäigedroen, datt de Budgetsdefizit beim Zentralstaat (also ouni Gemengen a Sozialkeesen) dëst Joer scho manner héich soll ausfalen ewéi viru Kuerzem nach gefaart. Déi nächst Jore sollen déi Mesurë virugefouert ginn an den Defizit weider ofhuelen. Esou soll och d'Staatsschold ënner 30% vum PIB bleiwen.
Mir hunn de Gilles Roth och op d'héich Verschëldung vun der Gemeng Mamer ugeschwat, wou hien iwwer 20 Joer laang Buergermeeschter war. De Finanzminister huet fir unzefänken drop higewisen, datt seng Partei, d'CSV, zejoert nach mat 45% vun de Stëmmen zeréckgewielt gouf. Dat géing weisen, datt d'Awunner vu Mamer him vertrauen.
Virun allem misst een awer kucken, firwat Scholde gemaach ginn an am Fall vu Mamer wier et fir Investissementer gewiescht. Zu Mamer kéint beispillsweis all Kand an de Precoce oder Maison Relais goen. An et misst ee kucken, datt een d'Schold kann zeréckbezuelen, wat zu Mamer ëmmer de Fall wier, esou de Gilles Roth. Hien huet nach ënnerstrach, datt ouni déi Investissementer seng fréier Gemeng en Iwwerschoss vun 10 Milliounen Euro verzeechne géing, wat net all Gemeng vu sech kéint behaapten.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.