D'Creos plangt eng Leitung vun 380.000 Volt am Osten. Bei Awunner vun Amber a vun der Aasselscheier kënnt dee Plang ganz schlecht un.

Eng Biergerinitiativ huet sech gegrënnt, fir ze verhënneren, dass d'Leitung ze no un d'Haiser kënnt. De Matbegrënner vun där Initiativ, de Claude Berg, war en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.

Invitée vun der Rdaktioun: Claude Berg

Eng Gefor fir d'Gesondheet

Et géif der Initiativ virun allem ëm déi gesondheetlech Gefore vun der Leitung goen, déi ëmmerhin déi stäerkst ass, déi jee zu Lëtzebuerg gebaut gouf. De Claude Berg huet erkläert, viru sengem Haus géife schonn dräi Héichspannungsleitungen am Trottoir leien. Et géif och schonn eng iwwerierdesch Héichspannungsleitung duerch d’Duerf lafen, déi wär allerdéngs manner staark, just 220.000 Volt. Dat géing also ganz kloer weisen, dass dat hei keen NIMBY-Effekt wier, also kee Phänomen vun “net a mengem Gaart”, mä virop gesondheetlech Bedenken, déi de Leit Suerge maache géifen. Eng dauerhaft Bestralung duerch een elektromagnéitescht Feld, géing grad bei klenge Kanner zum Beispill Leukemie ausléisen. Dat wier a villen Etüde bewise ginn an och net méi diskutabel, sou den Invité.

Et brauch eng Leitung, mee et ginn Alternativen

D’Biergerinitiativ vun Amber wier sech bewosst, dass et eng Leitung brauch, well och de Besoin no Stroum ëmmer méi grouss gëtt. Wa Google géing an d’Land kommen, bräicht d’Entreprise en plus 1/8 vun deem wat aktuell hei am Land verbraucht gëtt. Donieft stéing an engem Rapport vun der Creos dran, dass sech de Stroumbedarf vun all Bierger bis 2040 warscheinlech verdräifacht. Also wier ee séier an engem Zenario, wou déi Leitung vill méi staark wäert genotzt ginn, wéi aktuell virgesinn ass. Déi nei Leitung géif aktuell awer just 100 Meter hannert Wunnhaiser verlafen. En Expert, deen d'Gemeng Jonglënster chargéiert hat, hätt den aktuelle Plang vun der Creos dann och als déi schlechtst Alternativ fir Mënsch an Natur identifizéiert, esou de Claude Berg. Dobäi géingen et Alternative ginn. D’Biergerinitiativ hätt déi zesumme mat der Gemeng Jonglënster ausgeschafft. Mëttlerweil kéint een esou Leitungen och an de Buedem leeën, mä dat wier 5 Mol méi deier.

Firwat ass dat net duerch e Gesetz gereegelt?

De Matbegrënner vun der Biergerinitiativ bedauert och, dass et kee Gesetz gëtt, dat festleet, wou a wéi eng Héichspannungsleitung däerf gebaut ginn. Et hätt een d’Gefill, dass bal alles am Land reglementéiert wier, ma hei, wou et ëm d’Gesondheet vum Mënsch géif goen, wier dat net de Fall, bedauert den Invité.

Aktuell géing eng Consultation publique lafen, déi wier allerdéngs net iwwersiichtlech an d’Leit géingen net verstoen ëm wat et do geet. Egal wéi géing ee weider mobiliséieren. Weder d’Gemenge Jonglënster a Luerenzweiler, nach hir Bierger wéilten deen aktuellen Tracé. Am schlëmmste Fall géing ee virun d'Verwaltungsgeriicht zéien, wann déi Variant trotz allem Protest géif gebaut ginn, sou de Claude Berg.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.