En Dënschdeg de Moie waren d'Depensë vun der Maison du Grand-Duc Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter dem Waringo-Rapport iwwer d’Gestioun vum groussherzoglechen Haff ass villes besser ginn, mee et wier un der Zäit, de Rapport nach eemol op de Leescht ze huelen an ze kucken, wou kann nogebessert ginn. Dat seet de President vun der Budgetskontrollkommissioun an der Chamber. De Franz Fayot war eisen Invité vun der Redaktioun. De Premier Luc Frieden war e Méindeg an där Chamberkommissioun, fir den Deputéierte Ried an Äntwert ze stoen iwwer d’Depensë vum groussherzoglechen Haff. De Rechnungshaff hat am November nämlech e Spezial-Rapport publizéiert iwwer d’Joren 2021/22. 
 
Keng kloer Trennung tëscht ëffentlechen a privaten Ausgaben 

D’Oppositioun kritiséiert virop, dass et nach ëmmer net genuch Transparenz gëtt tëscht Ausgabe fir ëffentlech Representatioun a privaten Evenementer. “Do gëtt et e gewësse Flou artistique”. Zum Beispill wann aner “gekréinten Haipter” beim Grand-Duc op Besuch sinn. Do misst et da kloer Krittäre ginn, wéini dat privat ass a wéini och e Volet Representatioun dobäi ass.

Donieft géing dacks fir Evenementer vum groussherzoglechen Haff Personal an den Asaz kommen, dat net vun der Maison du Grand-Duc ass, mee vun anere staatlechen Administratiounen, also vu Police, Arméi an nach aneren. Eigentlech missten d’Fraisen dofir bei der Maison du Grand-Duc opgelëscht ginn, dat wier awer net de Fall, constatéiert den Invité. 
 
Si kréien eng Extrawurscht gebroden

De Franz Fayot stéiert sech och dorun, dass de groussherzoglechen Haff eng “Extrawurscht” gebrode kritt, andeems de PAG vun der Zone spéciale vum Schlass um Colmer-Bierg extra muss geännert ginn, fir dass den Ierfgroussherzog Guillaume do een Haus am Gaart ka baue loossen. D’Haus géing zwar mat private Fonge vun der Famill gebaut ginn, mee trotzdeem géinge si den Terrain zur Verfügung gestallt kréien, “wou se schéngbar keen droit de superficie musse bezuelen”, kritiséiert den Oppositiounspolitiker. Hien hätt an deem Kontext och eng parlamentaresch Fro gestallt, mee nach keng Äntwert kritt. 
 
Et gëtt nees eng Tendenz, “si gewäerden ze loossen” 

E weidere Probleem, dee vun der Cour des comptes constatéiert gouf, ass, dass och fënnef Joer nom Waringo-Rapport just 10 Prozent vun de “Bienen” vun der Famill inventariséiert goufen. Do misst ee sech einfach déi néideg Moyene ginn, fir dat ze maachen. Dat selwecht géing fir d’Archiven an d’Bibliothéik vum Grand-Duc gëllen, wou ganz wäertvoll Bicher dra wieren. Dat wier awer net just eng Fro vu Moyenen, mee och vun Ambitioun, gëtt de Sozialist ze bedenken. 
 
Et gesäit een, dass et ënnert dem aktuelle Premier nees eng Tendenz gëtt, fir de Grand-Duc gewäerden ze loossen, fënnt de Franz Fayot. D’Argument vum Premier Frieden wier, dass et schliisslech de Staatschef ass an dass et fir hien net esou einfach wier, fir Ëffentleches a Privates ze trennen. “Dat ass inquietant”, well et géing an eng Richtung goen, déi een am Fong net méi esou gewollt hätt. Et wéilt een e klore Kader mat klore Krittären a Reegelen, déi transparent a retraçabel sinn an dass souwuel d’Regierung wéi och d’Chamber ka kontrolléieren, dass alles rechtméisseg leeft.

Invité vun der Redaktioun: Franz Fayot

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.