E Méindeg de Moie waren d'Rentendebatt an de Barème unique Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Solle Jonker net manner cotiséieren, wa se ufänke mat schaffen, a méi, wa se méi al ginn? Den DP-Deputéierte Patrick Goldschmidt huet déi Iddi op jidder Fall e Méindeg de Moien hei op RTL lancéiert. E Mëttwoch empfänkt d’Regierung d’Patronat an d’Gewerkschafte fir iwwert eng Rei Sträitdossieren, dorënner d’Renten, ze verhandelen. Dem Patrick Goldschmidt no dierf een net schonn am Virfeld rout Linnen zéien an et misst een iwwer all d’Piste kënnen diskutéieren.
 
Un enger Propos hält d’Regierung awer fest: d’Cotisatiounszäit vun 2030 un all Joer ëm 3 Méint ze verlängere fir de reelle Rentenalter, deen aktuell bei ronn 60 Joer am Duerchschnëtt läit, méi no un de legale Rentenalter vu 65 ze bréngen. Déi Propos huet de Sträit mat de Gewerkschaften nëmmen nach verstäerkt a geet souwisou eleng net duer, fir de Pensiounssystem finanziell ofzesécheren. An d’Propos werft nach aner Froen op: de Patrick Goldschmidt sot, hie wéisst net, ob de Modell virgesäit, datt Leit, déi net op 480 oder ebe méi Cotisatiounsméint kommen, iwwert de legalen Alter vu 65 Joer nach dierfe cotiséieren.
 
Och bei der anerer Pist fir d’Cotisatiounen an d’Luucht ze setzen, huet de Patrick Goldschmidt d’Fro opgeworf, ob dat bedeite géing, datt d’Leit, déi méi cotiséieren, och méi Rente kréien. "Dann hu mer näischt gewonnen", esou den DP-Deputéierten. Hien huet och drop higewisen, datt wann d’Leit méi musse cotiséieren, de Staat manner Recetten iwwert d’Steieren erakritt. Aus deene Grënn wier hie kee Frënn vun där Pist.
 
De Patrick Goldschmidt huet am Géigendeel d’Iddi an d’Spill bruecht, fir d’Cotisatioune fir Jonker, déi "méi Netto vum Brutto" bräichten, erofzesetzen. Wann ee méi al ass, kéint een duerno méi cotiséieren a méi Pensioun kréien. A sengen Ae kéint een d’Leit esou och méi laang an der Aarbecht halen. Den DP-Deputéierte fënnt och d’Pist fir d’Zousazversécherungen nach méi attraktiv ze maache gutt, notamment fir den Independanten entgéintzekommen. Dat géing d’Leit och méi "responsabiliséieren".
 
Barème unique: Gerechtegkeet schafen a Kannergeld héijen
 
E Méindeg Moien hu mer och iwwert déi nei eenzeg Steierklass diskutéiert, esou wéi de Finanzminister Gilles Roth proposéiert huet. De Patrick Goldschmidt huet d’Individualiséierung ausdrécklech begréisst a sot, hie wier frou, datt just eng Partei an der Chamber géint de Projet ass, nämlech d’ADR. Déi kritiséiert, datt Leit aus der Steierklass 2 géinge verléieren. De Patrick Goldschmidt huet betount, datt eng Transitiounsphas vun 20 Joer virgesinn ass. 
 
Den Expert comptable huet awer op eng Ongerechtegkeet am aktuelle System higewisen: bei all Upassung vum Barème un d’Inflatioun si bestuete Koppelen "ëmmer besser ewechkomm". Hien huet e Verglach gezunn, fir déi steierlech ganz favorabel Situatioun vu Leit an der Klass 2 z’illustréieren. E Jonggesell mat engem imposabele Joresgehalt vun 100.000 Euro bezilt haut ronn 24.000 Euro. Eng bestuete Koppel géing knapps 10.000 Euro Steiere bezuelen, also 14.000 Euro manner, wéi de Jonggesell. An et gëtt nach den Abattement fir bestuete Koppelen.
 
Dofir géing et absolut kee Grond ginn, esou de Patrick Goldschmidt. Kanner hu spillt am Barème u sech keng Roll, par konter ginn et schonn eng Rei Dispositiounen, fir Leit mat Kanner z’entlaaschten. Den DP-Deputéierte gesäit och mam neie Barème unique kee Problem, fir datt Elteren déi steierlech Virdeeler fir Kanner ënnert sech opdeele kënnen. Fir seng Partei wier awer och wichteg, d’Kannergeld nees an d’Luucht ze setzen, well dat wier "en Netto, deen d’Leit kréien".

Invité vun der Redaktioun Patrick Goldschmidt

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.