D'Präisser am Logement "mussen nach e Stéck erofgoen"
En Donneschdeg de Moie war den Immobiliesecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Taxen op eidel Terrainen a Wunnenge sollen nach virum Summer duerch de Regierungsrot goen. Dat huet de Logementsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Moien hei op RTL ugekënnegt. Iwwerdeems den Neibau sech nach ëmmer net ganz vun der Kris erholl huet (*), huet hien nach emol Appeller un d'Promoteuren an d’Banke gemaach, fir méi Efforten ze maachen. Och d’Gemenge missten hir Roll erfëllen.
(*) D’Zuelen, déi den Enregistrement eis am Mee op Nofro hi matgedeelt huet, weisen, datt et an den éischte véier Méint vum Joer nees méi Notairesakte fir Wunnengen um Plang gouf, ewéi déi lescht zwee Joer. Allerdéngs sinn et der nach ëmmer manner ewéi hallef esou vill ewéi virun der Kris an de Joren 2020, 2021 an 2022.
D’Offer koum schonn ni der Demande no, a wärend der Kris déi lescht dräi Joer ass nach däitlech manner gebaut ginn. Dem Claude Meisch no bräicht een en Equiliber tëscht de Präisser an de Finanzéierungsméiglechkeeten. Hie sot awer, datt et esouwuel nach Problemer fir d’Privatleit, ewéi fir d’Promoteure géinge ginn. Och wann d’Zënsen eventuell nach weider erofginn, missten dowéinst dem Logementsminister no d’Präisser "nach e Stéck erofgoen".
En neie Modell fir den Neibau
De Claude Meisch huet en Donneschdeg de Moien awer de gewinnte Modell am Neibau hei am Land ugezweiwelt, wou bei engem Projet schonn 80 Prozent vu Wunnenge mussen um Plang verkaf sinn iert eng Bank Kreditter gëtt. De Logementsminister wier och "pre-occupéiert", well d’Banken ze "retizent" wieren, fir Suen ze léinen. Méi wäit am Interview huet hien awer och Versteesdemech gewisen, well d’Banke jo och Reegelen hunn an dem Risk musse Rechnung droen.
Als neie Modell gesäit hien am Moment besonnesch de Staat, deen zanter Ufank vun der Kris jo Projeten um Plang keeft. Op d’Remark, datt d’Interventioun vum Staat awer ebe grad riskéiert, ze verhënneren, datt d’Präisser sech no ënnen ajustéieren, huet hie geäntwert, de Staat sech do Plaffonge gëtt. Een, deen "demesuréiert Präisser" freet, bräicht guer net unzeklappen.
Et misst ee méi bauen, méi séier bauen an och op der richteger Plaz bauen. De Claude Meisch huet op d’Mesurë fir d’Prozeduren ze vereinfachen, higewisen, déi d’CSV-DP-Regierung schonn ëmgesat huet oder nach amgaangen ass, ëmzesetzen. De Projet vum "Remembrement ministériel" ass schonn an der zoustänneger Chamberkommissioun an de Claude Meisch huet ewéi gesot annoncéiert, datt d’Grondsteierreform an d’Taxen op eidel Terrainen a Wunnengen nach virum Summer duerch de Regierungsrot géinge goen. Et wier "technesch opwänneg" an hätt eng Rei politesch Froen, déi awer ënnert de Regierungsparteie gekläert wieren.
No comment zum Stater PAG
Wat d’Gemengen ugeet, sot de Claude Meisch, hien hätt der 50 vun den 100 gesinn, fir gemeinsam Projeten z’entwéckelen oder ze kucken, u wéi enge "Reegelwierker" et nach géing feelen. Hei huet hien op d’Ännerungen um Artikel 29bis vum Pacte logement higewisen, déi méi abordabel Wunnenge fir Projete virgesinn a virun allem d’abordabel Wunnengen aus der Rechnung kalkuléiert (well soss Bauhären de manque à gagner op déi aner Wunnenge vum selwechte Projet hu missen ofwälzen).
D’Gemenge sinn e ganz wichtegt Stéck vum "Puzzle", esou de Claude Meisch. D’Stad Lëtzebuerg ass zweetgréisste Besëtzer vu Bauland am ganze Grand-Duché an d’Offer u Wunnengen ass nach ëmmer däitlech méi niddreg ewéi d’Zuel vun den Aarbechtsplazen.
Misst den allgemenge Bebauungsplang PAG vun der Stad Lëtzebuerg, de Plang vu senger Parteikolleegin, der Buergermeeschtesch Lydie Polfer iwwerschafft ginn? Hei war de Claude Meisch ganz virsiichteg: "Also, ech moosse mer net zou - ech wunnen net an der Stad, ech wielen net an der Stad an ech maache keng Politik an der Stad - elo de Bebauungsplang ze kommentéieren! Ech soen awer: och Gemengen hunn hir Responsabilitéit fir genuch a genuch bezuelbare Wunnraum zur Verfügung ze stellen".
Pensiounen: "Et kënnt kee vu baussen eis de Probleem léisen"
"Jo, et kann een d’Form dovunner kritiséieren, ob et gutt war, an där dote Manéier an der Ried ze soen", esou de Claude Meisch iwwer d’Annonce vum Premier Luc Frieden zur Pensiounsreform. Den DP-Politiker huet awer de Premier a Koalitiounspartner a Schutz geholl: De Luc Frieden hätt op e Problem higewisen an "eis d'Aen opgemaach" an et kéim "kee vu Baussen eis de Problem léisen". De Claude Meisch huet awer och drun erënnert, datt d’Sozialpartner-Gewerkschaften a Patronat nach weider consultéiert ginn.
Allerdéngs huet de Liberalen tëscht den Zeile gewisen, datt hien d’Preferenz vum Luc Frieden deelt. Hien huet bei den dräi Haaptoptioune fir de Pensiounssystem ze re-equilibréieren zweemol en Adjektiv benotzt: Bei der Optioun Leeschtunge kierzen, war et den Adjektiv "dramatesch" a bei der Optioun Cotisatiounen erhéije "vill, vill méi". Bei der Optioun méi laang Schaffen - d’Stoussrichtung vum Luc Frieden - keen Adjektiv.
Op säi schlecht Resultat am Ilres-Sondage fir RTL an d’Wort ugeschwat, respektiv seng niddreg Beléiftheet zanter hien 2013 Minister ass, huet de Claude Meisch gelaacht. Hie wier zefridde mat senge Walresultater an datt vu Regierung zu Regierung hien ëmmer méi Verantwortung géing kréien. Trotzdeem soll een Ëmfroen eescht huelen, de Leit nolauschteren an dorobber eng Politik entwéckelen. Ouni awer sech dreiwen ze loossen, sief et am Logement, an der Educatioun oder an der Pensiounsdebatt, esou de Claude Meisch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.