De Spuenier ass vun 2017 bis 2021 fir Yamaha gefuer. Viru kuerzem huet hie fir d'nächst Saison bei Aprilia RS-GP ënnerschriwwen.

"No grëndlecher Iwwerleeung si béid Parteien dozou komm, datt et dat bescht fir jiddereen ass, wa mer de Kontrakt mat Effet immediat opléisen", sou de Maverick Vinales.

Elo kann de Vinales sech voll a ganz op seng nei Aufgab bei Aprilia RS-GP konzentréieren.