Victoire fir de Max Verstappen nodeems d'Course ofgebrach gouf

© AFP
Nodeems et de ganze Mëtteg ze vill gereent huet an d'Situatioun sech net gebessert huet, gouf d'Course ofgebrach a soumat wënnt de Max Verstappen.
Opgrond vun ze vill Reen konnt d'Course net zu där Zäit starten wéi et geplangt war. Als éischt gouf d'Course am 5-Minutte-Takt no hanne verréckelt éier se dono ënnerbrach gouf an et gouf drop gewaart dat d'Wierder sech verbessert. An um 18.15 Auer war et dann sou wäit dat d'Course nees opgeholl gouf. Et war trotz allem nach ëmmer ze vill Waasser op der Streck an de Reen huet och net opgehalen sou dat d'Course nees ofgebrach gouf.
No insgesamt 3 Stonnen a 45 Minutten gouf dann decidéiert d'Course ofzebriechen an domadder gewënnt de Max Verstappen d'Course no insgesamt just 3 Ronnen hannert dem Safety Car virum George Russell an dem Lewis Hamilton.
Et ginn allerdéngs just d'Hallschent vun de Punkten verdeelt déi normalerweis verdeelt gi wieren. De Max Verstappen kritt domadder 12,5 Punkten.