Zweet Victoire noenee fir de Francesco Bagnaia

© AFP (ARCHIV)
Den Italiener feiert zu San Marino seng 2. Victoire an der MotoGP. Hie klasséiert sech virum Fabio Quartararo an dem Enea Bastianini.
An der MotoGP ass um Sonndeg zu San Marino um Misano World Circuit Marco Simoncelli déi 14. Manche an dëser Saison gefuer ginn.
De Francesco Bagnaia, dee schonn déi leschte Course gewonnen huet, konnt sech an enger spannender Schlussphas am Zweekampf mam Fabio Quartararo op senger Heemstreck um Enn géint de Fransous duerchsetzen a ka sech seng zweete Victoire an dëser Saison sécheren. De Fabio Quartararo ass wat Course méi laang gedauert huet ëmmer méi no komm, fir laanscht de Francesco Bagnaia ze kommen hunn him awer e puer Ronne gefeelt. Als Drëtte klasséiert sech den Enea Bastianini, et ass déi éischte Kéier a senger Karriär, datt den Italiener um Podium steet. De sechsfache Weltmeeschter Marc Marquez kënnt no engem spannende Kampf géint de Miller an de Mir op déi véierte Plaz.
Am General bleift de Fabio Quartararo mat 234 Punkte weider den Éischten. Dem Bagnaia säi Réckstand ass 5 Punkte méi kleng ginn a läit elo bei 48.
De Spuenier Raul Fernandez ka sech alt nees déi 1. Plaz an der Moto2 sécheren. De Remy Gardner gouf den Zweete virum Aron Canet.
An der Moto3 huet den Dennis Foggia vu Leopard Racing seng véierte Victoire vun der Saison gefeiert. Op Plazen zwee an dräi sinn den Niccolò Antonelli an den Andrea Migno gefuer.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1. Francesco Bagnaia (Ducati)
2. Fabio Quartararo (Yamaha)
3. Enea Bastianini (Esponsorama Racing)
Moto2
1. Raul Fernandez (Kalex) 40'40.563
2. Remy Gardner (Kalex) +0.402
3. Aron Canet (Boscoscuro) +0.569
Moto3
1. Dennis Foggia (Honda) 39'17.002
2. Niccolò Antonelli (KTM) +0.565
3. Andrea Migno (Honda) +0.817
De General
MotoGP
1. Fabio Quartararo (Yamaha) 234
2. Francesco Bagnaia (Ducati) 186
3. Joan Mir (Suzuki) 167
Moto2
1. Remy Gardner (Kalex) 271
2. Raul Fernandez (Kalex) 237
3. Marco Bezzecchi (Kalex) 190
Moto3
1. Pedro Acosta (KTM) 210
2. Dennis Foggia (Honda) 168
3. Sergio Garcia (GASGAS) 168