Well d'Wieder net matgespillt huet an et e puer mechanesch Probleemer gouf, war d'Course an der Superstock-Kategorie fir jiddwereen eng knapp Geschicht.

Wéi et um Mëtternuecht ugefaangen huet ze reenen, obwuel d'Ofstänn relativ geréng waren, hunn de Chris Leesch a seng Ekipp probéiert, hir Kaart auszespillen, fir an där kritescher Phas erëm zeréckzekommen. Dëst ass dem Pilot méi ewéi gelongen. Hien huet schlussendlech d'Stock-Kategorie zwou Stonne laang ugefouert.

Duerch e puer mechanesch Probleemer an enger Chute vun engem Teamkomerod huet dem Chris Leesch seng Ekipp d'Spëtzepositioun zwar verluer, ma hiert technescht Team konnt d'Probleemer séier léisen, ouni ze vill Zäit ze verléieren. Dëst huet et hinnen erméiglecht, trotzdeem an der Course ëm de Podium ze bleiwen.

Ewéi d'Sonn opgaangen ass, haten och hir Konkurrenten e puer Probleemer, wisou d'Course bis zum Schluss spannend bliwwen ass. Zwou Stonne virum Schluss vun der Course huet d'Team Rac41-Chromeburner dann déi 2. Plaz an der Superstock-Wäertung beluecht an esou déi 4. Plaz an der Gesamtwäertung. Fir de Chris Leesch ass et "einfach onbeschreiflech", datt si op de Podium an hirer Klass vum Bol d'Or 2021 koumen an an der Top 5 vun der Gesamtwäertung waren.

"Ech hat bei all "Stint" mega Spaass um Moto an ech soen deem kompletten techneschen Team Rac41-Chromeburner souwéi dem Honda Racing Global an dem Michelin Motorcycle fir hir phenomenal Aarbecht Merci", esou de Chris Leesch an engem Facebook-Post. Et wier och "eng vun deene Beschten a schwéierste Courssen" vu senger Karriär gewiescht.

De 7. November fiert de Pilot mat sengem Team Rac41-Chromeburner déi lescht Course zu Suzuka.