Den 8. Mee 2022 soll zu Miami e weidere Formel-1-Grand-Prix gefuer ginn. Den Datum gouf en Donneschdeg vun den Organisateure confirméiert.

Schonns am Fréijoer stoung fest, datt d'Kinneksklass vum Motorsport eng éischte Kéier zu Miami um 5,4 Kilometer laange Circuit ronderëm den Hard Rock Stadium géing fueren.

Miami ass fir d'Formel 1 zanter der éischter WM am Joer 1950 schonns den 11. Circuit an den USA.