Um Donneschdeg koum d'Bestätegung, dass schonn dëst Joer e Grousse Präis vum Katar gefuer gëtt. Et gouf an engems en Kontrakt fir 10 Joer ënnerschriwwen.

Dat, wat laang spekuléiert gouf, ass elo offiziell. D’Formel 1 mécht vum 19. bis 21. November 2021 Statioun am Katar. Nodeems verschidde Coursse (wéi China, Australien oder Japan) wéinst der Pandemie ofgesot goufe, huet d’F1 déi lescht Wochen intensiv no engem Ersatz gesicht. Elo ass ee sech kuerzfristeg mam Losail International Circuit bei Doha eens ginn. D’MotoGP geet schonn zënter 2004 op dësem Circuit un den Depart, fir d’F1 ass et den éischten Optrëtt am Katar. Et wäert awer net bei där enger Kéier bleiwen. D’F1 huet nämlech en 10-Joeres-Kontrakt mam Losail International Circuit ënnerschriwwen, an dat vun 2023 un. De F1-Zirkus verlagert sech also ëmmer méi an den arabesche Raum. Bahrain an Abu Dhabi gehéiere scho méi laang zu de feste Statiounen am F1-Kalenner. Am Dezember kënnt scho Saudi-Arabien dobäi. De Katar ass dann déi véierte Statioun, 2021 als Ersatz, no 2023 als feste Rendez-vous.

An der spannender Saison 2021 bleiwen nach 7 Courssen ze fueren. D’Courssen a Südamerika schéine wéi geplangt iwwert d’Bün ze goen:

10. Oktober 2021: Grousse Präis vun der Tierkei (Istanbul)

24. Oktober 2021: Grousse Präis vun den USA (Austin)

7. November 2021: Grousse Präis vu Mexiko (Mexico-City)

14. November 2021: Grousse Präis vu Brasilien (Sao Paulo)

21. November 2021: Grousse Präis vum Katar (Doha)

5. Dezember 2021: Grousse Präis vu Saudi Arabien (Jeddah)

12. Dezember 2021: Grousse Präis vun Abu Dhabi (Yas Marina)

Am Moment huet de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton 2 Punkten Avance op säi RedBull-Erausfuerderer Max Verstappen.