Déi 21. Editioun vum Spa Six Hours Classic gouf leschte Weekend zu Francorchamps gefuer.

An nees eng Kéier huet den DJAG Racing mam Donny Wagner, Joel Prim an hirem Gaaschtfuerer, de Finn Juha Liukkonen, e gutt Resultat erausgefuer. No sechs Stonne fiert de Ford Mustang 289 V8 mat der Nummer 33 op der 33. Plaz iwwer d‘Arrivée, dëst bei 86 Starter. Op en Neits eng gutt Leeschtung vum Lëtzebuerger Team. Dat zweet Lëtzebuerger Team, Kauffmann, Vermast, Wilwert op hirem Ford Falcon Sprint mat der Nummer 67 hat net sou vill Gléck an ass nëmme 67 Ronne wäit komm.

Déi ganz Course gouf dominéiert vun de Ford GT 40. Eng Dose vun dësen amerikanesche Bolide war um Start a 5 dovun hunn d’Course fir sech entscheet. Nieft der Haaptattraktioun e Samschden, der 6-Stonne-Course, goufen och nach aner Coursse gefuer mat Virkrichs-Sportsween, Formel-Ween, GT-Ween aus de 1960er Joren an Toureween aus de 1970er Jore war vill Spektakel ugesot. En Demo-Laf mat méi rezente Sportsween gouf tëscht de Courssen ofgehalen.