Marc Marquez feiert 7. Victoire beim Grousse Präis vun den USA

© AFP
De Fabio Quartararo ass 2. ginn a kënnt domadder dem WM-Titel ëmmer méi no.
De Marc Marquez huet fir déi siwente Kéier de Grousse Präis vun den USA zu Austin gewonnen. De Spuenier, dee fir d'éischte Kéier zanter sengem Comeback nees aus der éischter Rei gestart war, huet senge Konkurrente keng Chance gelooss. De Fabio Quartararo ass op déi zweete Plaz gefuer an de Francesco Bagnaia op déi drëtt.
Bei nach dräi Courssen, déi ze fuere bleiwen, kënnt de Quartararo dem WM-Titel ëmmer méi no. Hien huet elo eng Avance vun 52 Punkten op de Bagnaia.
An der Moto2 bleift et am General weider ganz spannend. Zu Austin huet de Raul Fernandez seng siwente Victoire an dëser Saison gefeiert. De Remy Gardner huet iwwerdeems säin éischte grousse Feeler gemaach an ass no enger Chute net ukomm. Doduerch huet de Fernandez elo just nach néng Punkte Retard am General.
Zwee Schreckmomenter gouf et an der Moto3. No enger uerger Chute war de Filip Salac op der Streck leie bliwwen. Den Tschech huet misse medezinesch behandelt ginn an d'Course gouf ënnerbrach. Kuerz drop koum awer Entwarnung. De Salac war bei Bewosstsinn a gouf an de Medical Center bruecht. D'Course gouf duerno nees gestart. Bannent de leschte 5 Ronne gouf et dunn awer eng weider schwéier Chute. De Jeremy Alcoba war gefall an den Andrea Migno an de Pedro Acosta hate seng Maschinn bei héijer Vitess ze pake kritt. Hinnen dräi ass zum Gléck näischt geschitt. Um Enn gouf de Spuenier Izan Guevara zum Gewënner erkläert. Den Dennis Foggia vu Leopard ass Zweete ginn. Um Podium stoung nach den John McPhee.
D'Resultater vun de Courssen
MotoGP
1 Marc MARQUEZ SPA Repsol Honda Team Honda 41'41.435
2 Fabio QUARTARARO FRA Monster Energy Yamaha MotoGP Yamaha +4.679
3 Francesco BAGNAIA ITA Ducati Lenovo Team Ducati +8.547
Moto2
1 Raul FERNANDEZ SPA Red Bull KTM Ajo Kalex 39'10.521
2 Fabio DI GIANNANTONIO ITA Federal Oil Gresini Moto2 Kalex +1.734
3 Marco BEZZECCHI ITA SKY Racing Team VR46 Kalex +3.100
Moto3
1 Izan GUEVARA SPA Solunion GASGAS Aspar Team GASGAS 15'57.747
2 Dennis FOGGIA ITA Leopard Racing Honda +0.385
3 John MCPHEE GBR Petronas Sprinta Racing Honda +0.499
De General
MotoGP
1 Fabio QUARTARARO Yamaha FRA 254
2 Francesco BAGNAIA Ducati ITA 202
3 Joan MIR Suzuki SPA 176
Moto2
1 Remy GARDNER Kalex AUS 271
2 Raul FERNANDEZ Kalex SPA 262
3 Marco BEZZECCHI Kalex ITA 206
Moto3
1 Pedro ACOSTA KTM SPA 218
2 Dennis FOGGIA Honda ITA 188
3 Sergio GARCIA GASGAS SPA 168