Elfyn Evans gewënnt Rallye Finnland

© AFP
D'Rallye-Weltmeeschterschaft gëtt dach nach emol spannend. Den Evans huet mat senger Victoire de Réckstand op den Ogier däitlech verkierzt.
Den Elfyn Evans huet e Sonndeg seng fënneft Victoire an der Rallye-Weltmeeschterschaft gefeiert. Zesumme mat sengem Kopilot Scott Martin huet den Toyota-Pilot d'Rallye Finnland gewonnen a sech an d'Geschichtsbicher agedroen. Nach ni virdrun ass et engem brittesche Pilot gelongen, fir dëse WM-Laf ze gewannen. Den Est Ott Tänak (Hyundai) ass mat engem Retard vu 14 Sekonnen deen Zweete ginn. Den Ir Craig Breen (Hyundai) huet de Podium completéiert mat engem Retard vun 42 Sekonnen.
De WM-Leader Sébastien Ogier (Toyota) ass op de finnesche Stroossen net iwwert déi 5. Plaz erauskomm. Doduerch ass et elo nees spannend am General. De Fransous huet 199 Punkten an den Evans der elo 166. Déi zwee Pilote wäerten den Titel bei den zwou leschte Manchen ënnert sech ausmaachen.
Den Thierry Neuville (Hyundai) hat e Samschdeg bei der Rallye Finnland opginn.