De Podium komplettéieren déi zwee Red-Bull-Pilote Max Verstappen a Sergio Perez.

E Sonndeg de Mëtteg konnt de Valtteri Bottas op Mercedes de Grousse Präis vun der Tierkei gewannen. De Finn, dee vun der Pole Position gestart war, ass eng souverän Course gefuer an déi 10. Victoire vu senger Karriär war zu kengem Zäitpunkt wierklech a Gefor.

De Max Verstappen op Red Bull ass no 58 Ronnen als 2. iwwer d'Arrivée gefuer an iwwerhëlt domadder nees d'Féierung am WM-Klassement virum Lewis Hamilton. De Weltmeeschter, dee wéinst enger Motorstrof vun der 11. Plaz gestart ass, konnt sech bis op déi 5. Plaz no vir schaffen, méi war fir hien awer net dran.

De Red-Bull-Pilot Sergio Perez ass dann nach als 3. ukomm. De Carlos Sainz op Ferrari huet sech iwwerdeems vun der leschter Plaz op déi 8. Plaz verbessert a gouf als beschte Fuerer vum Dag ausgezeechent.

D'Klassement

RTL

© Screenshot

De General

RTL

© Screenshot