De Weekend selwer konnt de Kevin Peters op der leschter Course zu Mollerussa alleguerte Virleef an d'Semi-Finall gewannen.

An der Finall ass hien allerdéngs ausgefall. Trotzdeem konnt hie säi Vize-Europameeschtertitel feieren. Den Timo Pähler gouf dëst Joer Europameeschter.