Schwiereg ADAC-GT-Masters-Saison
Den Dylan Pereira war dës Saison an dräi Championater engagéiert. An den ADAC GT Masters ass et net grad esou gelaf, wéi hien sech dat virgestallt huet.
En Dréier am Qualifying zu Zandvoort. Spektakulär, awer näischt geschitt.
Dëst Bild resuméiert iergendwéi dem Dylan Pereira seng GT-Masters-Saison: et ass einfach net ronn gelaf. Nom Vizetitel am Porsche Supercup d'lescht Joer war dëst GT3-Championat déi logesch Suite. D'Autoe sinn eng Klass méi staark, de fuerereschen Niveau ass relativ héich, an d'Coursse si meeschtens ganz serréiert. Den Dylan huet e Porsche 911 GT3 R am Team vum 24h-LeMans-Gewënner Timo Bernhard pilotéiert. Eng villverspriechend Kombinatioun, mä et huet ee sech schwéier gedoen, fir vir matzefueren.
Den Dylan Pereira:
"Et war schwéier, fir de richtege Speed ze fannen. Den Ufank vun der Saison war fir dat ganzt Team schwiereg, net nëmme fir mech. Kloer, ech hu misste fir d’éischt léieren, wéi ee mam GT3 fiert – all Auto ass aneschters. Mä trotzdeem war meng Pace gutt, och wann ech mech mat mengen Teamkolleege vergläichen, wou jo och Porsche-Wierksfuerer drënner sinn."
Eréischt nodeems de Setup vum Porsche d'ënnescht d'iewescht gedréint gouf, ass de Knuet geplatzt. Zu Hockenheim, bei sengem leschten Optrëtt an de GT-Masters 2021, konnt den Dylan Pereira an engem häerzerfrëschenden Duell beweisen, dass hien d'Fueren net verléiert huet. Plaz 6, seng eenzeg Top-10-Plazéierung an dëser Meeschterschaft.
Eng méiglech Erklärung: Dräi Championnater (Porsche Supercup, ADAC GT Masters a WEC) op dräi grondverschiddenen Autoen (911 GT3 Cup, 911 GT3 R an AstonMartin Vantage GTE) ware vläicht einfach ze vill. D'Kritik, hien hätt besser gehat, sech op eppes ze konzentréieren, léisst hien - op d'mannst fir d'GT Masters - net gëllen:
"Ech krut dat mam Wiesselen eigentlech gutt hin, och wann d’Resultater net duerno ausgesinn. Wann ech elo nach emol Supercup géif fueren, da géif ech mech effektiv voll dorobber konzentréieren, well de Cup-Auto muss een effektiv perfekt kennen. Mä wann ee GT3 oder GTE fiert, do kann ee scho vill ofwiesselen, dat ass méi einfach, well d’Autoe vill Downforce hunn, dat mécht engem d’Liewe méi einfach."
Fir dëse Weekend hat den Dylan Pereira de Choix: entweder d’Finall vun der Laangstrecke-Weltmeeschterschaft am Bahrain oder d’Finall vun den ADAC GT Masters um Nürburgring. Hien huet sech fir Sonn a Wüst a géint d’Eifeler Schmuddelwieder decidéiert. Dat hat awer net nëmme mat der Meteo ze dinn. Aneschters wéi an den ADAC GT Masters, huet hien an der WEC nach gutt Chancen fir d’Saison an der GTE-Amateurklasseur mat engem gudde Resultat ofzeschléissen.
A wéi eng Klass oder Klassen et hien d'nächst Joer verschléit, dat ass nach net decidéiert. GT3 ass duerchaus eng Optioun, mä och d'LeMans-Prototippen hunn et dem Lëtzebuerger ugedoen.