Pereira a Co erwësche schlechten Dag

© Pereirapress
E Samschdeg gouf déi lescht Manche vun der FIA World Endurance Championship gefuer.
D'Decisioun ëm den Titel an der GTE-AM-Kategorie war schonn am Ufank vun der zweeter Hallschent vun der Course decidéiert. Pereira a Co hate sech fir d'éischt direkt um Depart no enger Kollisioun mam Aston Martin #98 (Dalla Lana/Farfus/Gomes) ee Platten agefaangen. Duerno konnt een zwar nees Buedem gutt maachen, ma e Kontakt mam AF-Corse-Ferrari #54 (Flohr/Castellacci/Fisichella) huet fir den definitiven Out gesuergt. Bei der Beréierung ass d'Lenkstaang gebrach.
Den Titel geet domadder an der GTE-AM-Kategorie un den AF-Corse-Ferrari #83 (Perrodo/Nielsen/Rovera).
Dat komplett Resultat vun der Course fannt Dir op www.fiawec.com