Direkt beim Départ konnt sech de Max Verstappen vun der 3. Plaz un d'Spëtzt setzen a gewënnt um Enn souverän virum Lewis Hamilton an dem Sergio Perez.

Mat enger souveräner Leeschtung ka sech de Max Verstappen d'Victoire zu Mexiko virum Lewis Hamilton an dem Sergio Perez sécheren. De Valtteri Bottas, dee vun der Pole Position gestart war, ass fréi wäit zeréck gefall. Gudde 4. gëtt de Pierre Gasly um AlphaTauri virun den zwee Ferrari-Fuerer Charles Leclerc a Carlos Sainz. Am General konnt den Hollänner säi Virsprong op de Lewis Hamilton op 19 Punkten ausbauen. An de leschte 4 Courssen ass richteg Spannung ugesot an der Lutte ëm de Weltmeeschtertitel.

Vum Depart ewech ass de Max Verstappen ganz gutt fortkomm an den Hollänner konnt scho virun der éischter Kéier déi zwee Mercedes iwwerhuelen a soumat sech un d'Spëtzt vun der Course setzen. An der éischter Kéier huet den Daniel Ricciardo de Valtteri Bottas beréiert, sou dat de Finn sech gedréint huet an op déi lescht Plaz zeréckgefall ass.

Ronn fir Ronn konnt de Max Verstappen seng Avance op de Lewis Hamilton ausbauen wärend de Sergio Perez mat engem konstante Réckstand vun 2 Sekonnen op de Britt op der 3. Plaz louch. Och no de Boxestoppen gouf et dat nämmlecht Bild. Red Bull hat Geschwindegkeetsvirdeeler géintiwwer Mercedes, sou datt de Lewis Hamilton keng Chance géint de Max Verstappen hat. Esou koum och de Sergio Perez Stéck fir Stéck méi no un de Lewis Hamilton erun an huet dësen ënner Drock gesat an der Lutte em déi 2. Plaz. De Britt huet sech awer gewiert a konnt an de leschte Ronne seng 2. Plaz verdeedegen. De Sergio Perez ass den éischte Mexikaner, dee sech bei sengem Heem-Grand-Prix eng Podiumsplaz konnt sécheren.