Dylan Pereira Vizeweltmeeschter an der WEC-GTE-Am

© Arthur Thill / ATP
D'Zil war de Weltmeeschtertitel, ma am grousse Ganze kann de Lëtzebuerger Automobilsportler awer mat senger Saison liewen.
Den Dylan Pereira ass an der Laangstrecken-Weltmeeschterschaft mat senger Ekipp Vizeweltmeeschter an der GTE-Amateurklass ginn. Et war sécherlech esouguer déi iewescht Träppche méiglech. Am grousse Ganze kann de Lëtzebuerger Automobilsportler awer mat senger Saison liewen. Interessant ass och d'Fro, wéi et d'nächst Joer weider geet.
Déi lescht Course bei der Laangstrecken-Weltmeeschterschaft am Bahrain iwwer 8 Stonnen ass fir d'Ekipp vum Dylan Pereira sécherlech net esou gelaf, wéi ee sech dat virgestallt hat. Den Teamchef vum Aston Martin mat der Nummer 33, de Ben Keating, deen och selwer fiert, huet awer dunn den Auto an eng Kollisioun verwéckelt, an d'Lenkung war gebrach. Do hat eng staark Course vum Lëtzebuerger virdrun, och näischt méi gedéngt. Um Enn konnt et dunn net méi wéi de Vizeweltmeeschtertitel hannert enger Ferrari Ekipp ginn, den Dylan Pereira: Et ass net eist Zil, mir wollte Weltmeeschter ginn. Mä mir kënnen awer och mam Vizeweltmeeschtertitel zefridde sinn. Et ass dat gréisst wat s de fueren kanns am GT-Sport. Ech hoffen, datt ech d'nächst Joer da ganz uewen um Podium stoe kann.
Mam Porsche Supercup, den ADAC GT Masters an der WEC war de 24 Joer ale Lëtzebuerger bei 3 Serien um Depart. Den Dylan Pereira weess, datt dat sécherlech net ëmmer einfach ze geréieren ass: Du bass an en Auto eragesprongen, vun engem an deen aneren. D'Automatismen hu heiansdo gefeelt. D'Pace war awer do. Wann een d'Zäite kuckt, war ech ëmmer ee vun deene Séiersten. Ech hu vill geléiert.
Am Automobilsport sinn d'Piloten a Kategorien agedeelt. Bis elo war den Dylan Pereira an der Sëlwer, elo duer seng staark Optrëtter, virun allem och bei de 24 Stonne vun Le Mans, geet et elo an déi héchst: Ech hunn zwar Protest ageluecht bei der FIA fir Sëlwer ze bleiwen, mä et ass quasi onméiglech. Elo also d'nächst Saison Gold, do konkurréiers de mat lauter séiere Wierksfuerer, do ass et net esou einfach eng Plaz ze fannen.
A wéi enger Klass oder Klassen den Dylan Pereira d'nächst Saison wäert fueren, well de Lëtzebuerger Enn Dezember oder spéitstens am Januar decidéieren. Et kéint awer nees an déi nämmlecht Direktioun goe wéi dëst Joer.