Um Circuit, deen am amerikanesche Bundesstaat Texas läit, gëtt zanter 2012 gefuer.

Formel 1 huet e Freideg am fréien Nomëtteg bekannt ginn, dass d'Kinneksklass vum Motorsport hire Kontrakt mam Circuit of the Americas bis 2026 verlängert huet.

Nieft dem Circuit of the Americas gëtt an dëser Saison e weidere Grand Prix an Amerika gefuer. Zu Miami ginn dës Saison op engem fuschneie Circuit déi éischt Punkte verdeelt.

D'Formel 1 mëscht kee Geheimnis draus, eng drëtte Course an Amerika ze plangen. Och de Kalenner soll weider ausgebaut ginn an et geet rieds, dass 27 Grand Prixe solle gefuer ginn.