Virun den offiziellen Tester zu Barcelona absolvéieren déi meescht Ecurien e private Shakedown mat hiren neien Autoen.

Beim Shakedown (oder och nach "Filmdag") däerfen d'Teams maximal 100 Kilometer mat hirem neien Auto fueren. Et ass e Funktiounstest, fir gréisser Problemer ze detektéieren, ier et op déi offiziell "Pre Season"-Tester geet.

Aston Martin waren dëst Joer déi éischt um Circuit.

Mëttlerweil hunn awer weider Ecurien hire Shakedown absolvéiert an hunn eis dovunner och Biller zur Verfügung gestallt.

Mercedes war leschte Freideg direkt no der offizieller Presentatioun mat hirem W13 zu Silverstone. Trotz dem stiermesche Wieder wär alles perfekt gelaf, hunn de Lewis Hamilton an den George Russell nom Test rapportéiert.

McLaren wollt meteoméisseg op Nummer sécher goen. De Lando Norris an den Daniel Ricciardo hunn hiren neien MCL36 zu Barcelona eng éischte Kéier probéiert.

Op der selwechte Plaz war et och d'Première fir den Haas VF-22. Dovunner gouf et bis elo nëmme véier Projetsfotoen. Wéi een op de Fotoe vum Shakedown erkenne kann, haten déi net vill mat der Realitéit ze dinn. Den neien Auto vum Mick Schumacher a vum Nikita Mazepin gouf mëttlerweil wesentlech weiderentwéckelt.

Ferrari hat e Mini-Shakedown vu 15 Kilometer op der eegener Teststräck zu Fiorano. De Pressedepartement vun der Scuderia huet bis elo awer nëmmen zwou Fotoe vum neien F1-75 um Circuit verëffentlecht.

Dëst Joer sinn am ganze 6 offiziell Testdeeg programméiert, an zwar vum 23. bis 25. Februar zu Barcelona a vum 11. bis 13. Mäerz am Bahrain.

Bis den 18. Mäerz muss den neien Auto prett sinn, well da steet den 1. Fräien Training vum Grousse Präis vu Bahrain um Programm. RTL Lëtzebuerg iwwerdréit och dëst Joer déi integral F1-Saison.