Déi franséisch Ecurie huet hiren A522 presentéiert. Net nëmmen den Auto ass nei, mä en neie Sponsor suergt fir Faarf.

BWT gehéiert zu den opfällegste Sponsoren an der F1. Déi rosa ForceIndia, respektiv RacingPoint, ware vun 2017 bis 2020 wierklech net ze iwwersinn. Wou Aston Martin d'Team iwwerholl huet, war d'British Racing Green méi wichteg wéi d'Millioune vum Sponsor. Den AMR-21 war gréng mat enger klenger rosa Sträif. Kee Wonner, dass de Sponsor en neit Team gesicht huet, wou déi rosa Dollar méi wëllkomm waren.

Bei Alpine (déi elo offiziell "BWT Alpine F1 Team" heeschen) ass een iwwert déi nei Partnerschaft esou begeeschtert, dass direkt zwee Designs presentéiert goufen. Déi éischt zwou Courssen (Bahrain a Saudi-Arabien) fiert den A522 ganz a rosa. De regulären Design fir de Rescht vun der Saison ass dann e Mix aus BWT-Rosa an Alpine-Blo.

Wat déi technesch Detailer ugeet, wollt och Alpine nach net alles verroden. Op de Biller ass zwar e reellen Auto ze gesinn, mä deen ass esou simpel gehalen, dass een dovunner ausgoe kann, dass bei den Tester nach méi komplex a kreativ Léisungen nogeliwwert ginn.

Vu bausse gesäit een awer schonn, dass d'Fransousen och hir Mécanique komplett iwwerschafft hunn. Am Verglach mam A521 vum leschte Joer, ass den hënneschten Deel vum A522 erëm vill méi schmuel geschnidden. Dat ass en Indice, dass Undriff a Kühler nei organiséiert goufen.

Alpine geet och mat engem neien Teamchef an déi nei Saison. Den Otmar Szafnauer (Ex-AstonMartin) huet elo bei der franséisch-englescher Ecurie zu Enstone d'Soen. Neie Chef vum Motorendepartement zu Viry-Chatillon ass de Bruno Famin. Béid rapportéieren un den Alpine-CEO Laurent Rossi.

De Pilotenduo bleift mam Fernando Alonso a mam Esteban Ocon dee selwechte wéi 2021. Nëmmen den drëtte Pilot ass nei. Hei huet Alpine sech den talentéierten Australier Oscar Piastri geséchert.