De Finn huet sech am Schnéi virum Tierry Neuville a sengem Landsmann Esapekka Lappi duerchgesat.

Op der zweeter Manche vun der Rally-Weltmeeschterschaft konnt sech e Sonndeg de Kalle Rovanperä am Schnéi behaapten. De Finn huet sech mat engem komfortabele Virsprong déi éischt Plaz geséchert a steet doduerch och am General ganz uewen. Méi spannend war et dogéint am Kampf ëm déi zweet Plaz, déi sech um Enn de Belsch Thierry Neuville virum Esapekka Lappi aus Finnland séchere konnt.

Déi nächst Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft steet a ronn zwee Méint um Programm. Vum 21. bis de 24. Abrëll geet et fir d'Fuerer a Kroatien weider.